Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Duerch déi Ännerunge gëtt Energie verschwent"

Weltflüchtlingsdag

"Duerch déi Ännerunge gëtt Energie verschwent"

D'Reorganisatioun vun de Voleten Accueil an Integratioun vu Flüchtlingen dierft net d'Aarbecht um Terrain affektéieren. Dat fuerdert de Marc Piron, Member vun der ASTI a vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Den Immigratiounsministère soll an Zukunft zoustänneg fir den Accueil an de Familljeministère fir d'Integratioun sinn. Donieft soll den OLAI ofgeschaaft an duerch den Office national de l'accueil ersat ginn.

auto_stories

3 min

De Staatsrot plädéiert a sengem Avis dofir déi momentan Struktur ze erhalen. Während déi zwee Voleten bei de respective Ministèrë verankert ginn, missten d'Integratiounsprojeten awer weiderlafen, esou de Marc Piron. Den Ament hätt een den Androck, datt duerch déi geplangt Ännerungen Energie géif verschwent ginn.

De PIA - kuerz fir Parcours d'integration accompagné - soll zum Beispill an dräi Phasen oflafen. Déi lescht wier awer nach net lancéiert ginn, esou nach de Marc Piron vun der ASTI a vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. An déi ugekënnegt Evaluatioun vu Projeten am Kader vum PIA géif schonn zanter engem hallwe Joer op sech waarde loossen.

Eng offiziell Decisioun ofwaarden

D'Konditiounen an der SHUK - der Structure d'hébergement d'urgence fir Flüchtlingen um Kierchbierg - wieren net mënschewierdeg, kritiséiert de Marc Piron. An der SHUK gi Flüchtlingen ënnerbruecht, déi am Kader vun der Dublin-Prozedur an dat Land sollen transferéiert ginn, wou si als éischt eng Asyldemande gestallt hunn. D'Leit géifen do an Zelter mat Feldbetter liewen.

Fir de Marc Piron ass et problematesch, datt d'Leit schonn an d'SHUK geschéckt ginn, éier datt iwwerhaapt een Uerteel gefall ass. "Dat heescht, soubal si hei an d'Land kommen ginn hir Fangerofdréck geholl a si soen: deen hei fält wahrscheinlech an den Dublinreglement eran, da gi si an d'SHUK geschéckt." De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot plädéiert dofir, datt een als éischt eng definitiv Decisioun soll ofwaarden, an datt déi concernéiert Leit an eng Structure d'hébergement solle geschéckt ginn - mee net an d'SHUK.

D'SHUK gouf virun zwee Joer geschaf a soll temporaire sinn. Dem Regierungsaccord no soll se duerch eng permanent hallef-oppen nei Struktur ersat ginn.

Op d'Situatioun vu Flüchtlingen agoen

Lëtzebuerg misst Réckféierunge am Kader vun der Dublin-Prozedur vu Flüchtlingen an Italie stoppen. D'lescht Joer huet Lëtzebuerg 42 Flüchtlingen an Italien zeréckgeschéckt, well si do hir éischt Asyldemande gestallt hunn. Dëst Joer sinn et der bis ewell 25. Et kéint een deene Betraffenen d'Konditiounen an Italien net zoumudden, esou de Marc Piron.

Lëtzebuerg géif zwar zum Beispill keng Frae mat Kanner dohinner zeréckschécken, mee och een elengstoende Mann kéint vulnerabel sinn. Dofir misst een als éischt garantéieren, datt déi Persoun net vulnerabel ass, éier datt ee se zeréckschéckt, fuerdert de Marc Piron, an dat kéint een net an engem Mount maachen. Et misst een erausfannen, ob déi Persoun traumatiséiert wier. Als Beispill nennt de Marc Piron Eriträer, déi vun der Dublin-Prozedur betraff sinn:

"Dat sinn alles Leit, déi duerch Libye gaange sinn, déi schonn an hirem Hierkonftsland ganz vill matgemaach hunn. A Libyen: ganz vill Leit maachen do Folter, Gewalt a sou mat. Et ass kloer, datt déi Leit zu engem groussen Deel och all traumatiséiert sinn. An ech mengen, dat muss een och natierlech berücksichtegen, éier ee Leit zeréckschéckt."

Méi wéi een Drëttel vun de ronn 800 Leit, déi dëst Joer hei am Land Asyl ugefrot hunn, kommen aus Eritrea. D'lescht Joer koumen déi meeschte Leit aus Eritrea heihinner. Flüchtlingen, déi an Italien zeréckgeschéckt ginn, géifen iwwerdeems dacks do entweder als Sans-papiers ënnertauchen, oder probéieren enzwousch aneschters ze flüchten, esou nach de Marc Piron.