Aviatioun Duerchwuessent Joer fir Luxair a Lux-Airport

Am Dezember 2020 gouf et fir d'Luxair e Peak vu Last-Minute-Reservatiounen, mee alles an allem huet d'Airline am Pandemie-Joer Plomme gelooss. Zuelen, déi sech och an den Zuele vum Flughafe erëmspigelen.

Jacques Ganser / Tessy Troes

Findel Terminal B

60 Prozent manner Volle wéi 2019 huet d'Luxair offréiert. D'Zuel vun de Passagéier ass vun 1,3 Milliounen am Joer 2019 op 387.000 erof gaangen. Och bei Luxair Tours gouf et eng Baisse vun de Passagéierzuelen ëm 64 Prozent.

D'Luxair deelt an engem Communiqué mat, datt een och fir dëst Joer vun enger ganz schwaacher Entwécklung ausgeet, fir dat éischt Trimester gëtt mat enger Baisse vun de Vakanzereservatiounen ëm 63 Prozent a vun de regulären Destinatiounen ëm 78 Prozent gerechent. Trotzdeem goufe fir d'Fréijoer nei Destinatiounen, ënner anerem a Skandinavien a Serbien, ugekënnegt.

D'Luxair zeechent ee Bild wat sech och an den Zuele vum Flughafen erëmspigelt: gouf et vu Joer zu Joer konstant méi Passagéier, war 2020 ee Joer fir ze vergiessen.


Een Opschwong gesäit een do dergéint beim Cargo um Lux-Airport, virun allem an der zweeter Hallschent vum Joer.

Och d'Luxair konnt beim Cargo positiv Zuelen vermellen: sechs Prozent méi wéi 2019 hätt een transportéiert.

Méi zum Thema

Satellit
Réckbléck

De Projet vum Äerdobservatiouns-Satellit gëtt bal duebel esou deier, wéi ursprénglech geplangt. D'Chamber huet doropshi versicht d'Ursaache vun där Käschtenexplosioun opzeklären - mat limitéiertem Succès.

Luxair November 2020
Aviatioun

D'Luxair huet net wëlles, iergendwa just nach geimpfte Passagéier matzehuelen. Et wier net un de Fluggesellschaften do Virschrëften ze maachen, héchstens un de Länner, esou de Gilles Feith.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen