Internationale Währungsfong "E bëssen eng pessimistesch Vue"

D'Cheffin vum Internationale Wärungsfong, d'Christine Lagarde, huet op der Reunioun vum FMI a vun der Weltbank deklaréiert, datt d'Weltwirtschaft an engem delikate Moment ass.

Philip Crowther / cbi

Den 100,7-Korrespondent Philip Crowther am Gespréich mam Finanzminister Pierre Gramegna
Den 100,7-Korrespondent Philip Crowther am Gespréich mam Finanzminister Pierre Gramegna. Foto: Twitter / Pierre Gramegna

Als Grënn goufen ënner anerem den Handelssträit tëschent den USA a China, an d'Onsécherheet ëm de Brexit genannt. De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna huet och Deel geholl un dëse Reuniounen zu Washington.

Hien huet mat eisem Korrespondent Philip Crowther iwwer seng Rees a Kalifornien an an déi amerikanesch Haaptstad geschwat.


De ganzen Interview mam Pierre Gramegna:

Lauschteren

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Den Donald Tusk um EU-SOmmet am Dezember 2018
Groussbritannien an EU

Genee 15 Deeg nach, dann trëtt Groussbritannien aus der EU eraus. Gëtt et eng Verlängerung? Dat ass eng vun de kriddelege Froen. Eng Decisioun doriwwer fält eréischt um EU-Sommet déi nächst Woch.

EU-China-Sommet July 2018
EU-Handelspolitik

China an d'EU komme sech méi no - virun allem wéinst der Politik vum Donald Trump. Allerdéngs ass bis elo vill Rhetorik derbäi.

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen