Tëscht 2005 an 2011, huet hien seng Thees am Laboratoire vun engem gewëssenen Charles Rice gemaach - ee vun de Lauréate vum 2020 Nobel Präis an der Medezin.
" ... ech hu mech net gefillt wéi wann ech eng Karriär an der Uni wollt hunn, ech wollt mech méi breed opstellen, e bëssi eppes aneschters maachen. Amerika war schwéier fir deemools do ze bleiwen. Da muss een iwwerleeën geet een de Wee an Amerika weider oder deen deen ee sech virgestallt huet."
Hepatitis war säi Fach an déi Viren hu Parallellen zu de Corono-Viren, déi sougenannten RNA. Wéi d'Pandemie koum wousst den Dr. Dentzer wat dee Virus ass.
Mat der Large Scale testing Strategie zielt Lëtzebuerg zielt zu de Musterschüler an Europa.
De Large Scale Testing: Um Ufank eng Schnappsiddi
Zanter dem 15. September ass de Large-Scale-Testing no bal zwou Milliounen Tester an zwou Milliounen Euro Käschten d'Woch eriwwer. Den Ament wier d'Santé nach amgaangen, déi lescht Zuelen zesummenzeschreiwen, sou de Virolog Thomas Dentzer - duerno da géif e Kassensturz gemaach ginn, wéi vill d'Campagne vun de Massentester schlussendlech kascht huet. Et geet ee vun ëm déi 110 Milliounen Euro aus. Wann een d'Frontaliere mat zielt kënnt ee souguer op ronn 880.000 eenzel Persounen.
"D'Iddi ass entstanen, aus enger Schnappsiddi, wou ech mam Direkter vum LIH zu Owes giess hunn an no zwee Glieser sote mir, mir missten dach jiddereen zu Lëtzebuerg testen an da kéinte mer normal weider liewen. Dat ass du weider entwéckelt ginn, bis mer am Mäerz gesot hunn, mir brauchen een Tool deen déi Kris begleet fir de Leit eng gewësse Sécherheet ze ginn a weider ze liewen."
Déi Iddi hätt een an de Wochen dono da virun entwéckelt an och als Fuerschungsprojet opgestallt.
Den Thomas Dentzer huet am Interview och annoncéiert, datt d'Santé onofhängeg Experten aus dem Ausland mat enger weiderer Evaluatioun iwwert de Large-Scale-Testing chargéiert huet. Zil ass et, fir onofhängeg ze kucken, wat de Large-Scale-Testing fir déi ëffentlech Gesondheet war a wat säin Impakt an der Pandemie war.
De Virolog versteet wann een den Impfstoff kritesch gesäit. Trotzdeem misst een ënnersträichen, datt et ee vun deene beschte Vaccine wier, déi den Ament um Marché wieren. Dat gesäit een zum Beispill un deem héijen Taux vun der Effikassitéit, et gëtt soss kee Produit dee bei esou ville Leit esou gutt wierkt. Ausserdeem wier et och déi eenzeg Alternativ.