Dat zäitweist Liewen am éiwegen Äis zesumme mat der Natur erlaabt dem Patrick Peters nei Energie ze tanken. Natierlech läit Fro op der Hand wéi a firwat ee sech där geféierlecher Ëmgéigend aus setzt, mä de Patrick Peters gesäit dat awer anescht.
"D'Natur ass net béiss."
D'Natur ass einfach do, seet de Patrick Peters, e Stuerm ass e ganz normale Phenomen a wann e Mënsch e Polarstuerm net iwwerlieft, dann ass dee Stuerm näischt Béises. Mee et war een net preparéiert, oder anescht et war een de falschen Ament op der falscher Plaz.
"Ech perséinlech ëmfannen datt vill méi Mënsche béiss sinn a probéieren anerer fäerdeg ze maache wéi d'Natur. Mat der Natur zesummen ze liewen ass vill méi einfach wéi mat de Mënschen."
De Projet Südpol bleift aktuell
Et geet just dorëm en Zäitpunkt ze bestëmmen, wat mat der Auswierkunge vun der Coronapandemie net einfach ass. D'Lescht Joer war d'antarktesch Saison ausgefall. Op et dëst Joer eng Saison an der Antarktis gëtt, ass net sécher, well den Zougang dohinner iwwert Chile oder Südafrika geet, zwee Länner wou d'Pandemie nach aktiv ass. "Meng Partner an ech hunn eis decidéiert elo nach näischt ze maachen an dofir de Roulement nach emol vu vir unzefänken."
Elo géif een also mol eng Trainingsexpeditioun maachen, no där ee sech da géif umellen, fir eng Expeditioun an der Antarktis.
"Wann een elo géif 2023 nach eng Expeditioun maachen fir alles erëm à point ze setzen, da wier et normalerweis 2024-2025 an der Wantersaison wou e géif an der Antarktis sinn."