Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Joer fir ze vergiessen

Chronik

E Joer fir ze vergiessen

Zu Leipzig ass de Parteidag vun der CDU, deen éischten zanter Abrëll 2000, bei deem d'Angela Merkel net als Parteicheffin dobäi ass. Wéi huet d'Partei dat éischt Joer vun der No-Merkel-Ära iwwerstanen?

auto_stories

3 min

De Matthias Kirsch ass 100,7-Korrespondent zu Berlin

Wann déi däitsch Chrëschtdemokraten sech déi nächst dräi Deeg zu Leipzig treffen, dann dierft d'Atmosphär e bëssen anescht sinn, wéi beim leschte Parteidag zu Hamburg. Deemools war d'CDU iwwerzeegt, se stéing um Ufank vun enger néier Ära. Egal, ob d'Annegret Kramp-Karrenbauer, de Friedrich Merz oder de Jens Spahn géifen d'Angela Merkel un der Parteispëtzt ofléisen: D'Erneierung vun der Partei wier lancéiert.

Den deemolegen Optimismus war guer net esou wäit hiergeholl. An der Course ëm d'Parteispëtzt waren déi dräi Kandidaten duerch d'Land gereest an hate sech hire Supporter virgestallt, genee wéi et knapps ee Joer méi spéit hir Kolleege vun der SPD och sollte maachen. D'CDU-Regionalkonferenzen hunn Diskussioune lancéiert, se hu polariséiert - no 18 bluttaarme Joren ënner der Angela Merkel eng gutt Ofwiesslung. Eng, déi hoffe gelooss hat, datt d'CDU tatsächlech géif erwächen.

Mehr schlecht als recht

Haut kann ee soen: Dee Plang ass net ganz opgaangen. Dat lescht Joer war eent vun de schlëmmsten an der Parteigeschicht, vergläichbar vläicht just mat der Walnidderlag 1972 géint de Willy Brandt oder der Parteispendenaffär vun 1999.

An d'Schold dofir kann d'CDU just bei sech selwer sichen. Op där enger Säit déi nei Parteicheffin Annegret Kramp-Karrenbauer. No engem relativ zolitten Depart huet et dunn iergendwann ugefaangen, just nach biergof ze goen. Ee Feeltrëtt nom aneren, an de Predikat, der Angela Merkel hir gewënschten Nofollgerin ze sinn, huet net méi gezunn.

Op der anerer Säit huet sech awer och keen un d'Ukënnegung vum leschte Joer gehalen - nämlech déi nächst Persoun un der Parteispëtzt ze ënnerstëtzen an net a Lagerkämpf ze verfalen. De Friedrich Merz huet nëmmen op Faux pase vu Merkel an AKK gewaart. An och beim Jens Spahn huet een d'Gefill, do géif ee sech lues awer sécher a Positioun bréngen.

Wéi eng Schlaang ouni Kapp

Dëse Féierungssträit, deen zu enger Féierungslosegkeet geféiert huet, huet maassgeeblech dozou geféiert, datt d'CDU hire Status als absolut stäerkste politesch Kraaft am Land, op dee se an de Merkel-Joren abonéiert war, op een Hoer verluer huet. Just een oder zwee Prozentpunkte louchen d'Chrëschtdemokraten am Summer nach virun de Gréngen.

Wien elo seet: Jo, mee eng Stëmmung muss sech och eréischt a Stëmmen erëmspigelen. Dat ass natierlech richteg. Mee wann ee sech d'CDU-Walresultater aus dësem Joer 1 no der Angela Merkel ukuckt: Da gesäit ee Walnidderlagen, sief et bei der Europawal oder bei de Landtagswalen am Osten.

Bis elo gesäit et esou aus, wéi wann um Parteidag dëse Weekend keng gréisser Personalfroe géife verhandelt ginn. Wien doraus awer schléisst, datt Rou agekéiert ass, läit falsch.

An der CDU, do kacht et.