Radioen

On air

De Moien  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E jonke Lëtzebuerger bei der COP27

Weltklimakonferenz

E jonke Lëtzebuerger bei der COP27

Nieft de groussen nationalen Delegatiounen an de Negociatiouns-Raim sinn och vill aner Leit op der COP27 ënnerwee, ënner hinnen och e jonke Lëtzebuerger, dee seng eege Perspektiv op esou eng Welt-Klimakonferenz matbréngt.

auto_stories

3 min

De Semion Smolenskiy ass Premièresschüler an aktuell op der COP27.

Den 18 Joer ale Schüler aus dem Ettelbrécker Lycée kënnt e bëssen onsécher eriwwer. Wärend déi meescht Leit hei am Kostüm ronderëm lafen, huet hien eng kuerz Box un.

En public ze schwätzen ass net esou ganz senges, a scho guer net op enger Bün ze sëtzen, zielt hien. Et hëlleft also, datt bei sengem Evenement um Benelux-Stand just zwee Leit nokucken: et si méi Leit op der Bün wéi ënner den Zuschauer. Net all Evenement huet ee groussen Undrang op dëser COP27.

De Semion Smolenskiy ass op der Première, Sciences Environmentales ass seng Sektioun. Hien ass bei Youth4Planet zu Lëtzebuerg engagéiert, an hirem neie virtuelle Projet, eng App, representéiert hien zu Sharm El-Sheikh.

D'Energietransitioun zesumme viru bréngen

D'Zil wier et fir aktiv ze ginn an ze kucken, wou een Energie spuere oder erneierbar Energien asetze kann. Duerno kann een dat verfilmen a mat enger internationaler Communautéit ze deelen.

"Dat Gutt dorun ass: jiddweree kann dat maachen. D'Zil ass et d'Energietransitioun virun ze bréngen a sech mat de Leit auszetauschen."

De Projet heescht "Power on Pyramids". Mat den Erkenntnisser ginn online gi virtuell Pyramide gebaut. D'Konzept ass einfach: Opspieren, wou een Energie spuere kann, et analyséieren, Léisunge fannen, an déi dann online mat aneren Deelen.

De Projet ass méi konkret wéi vill aneres op der COP27, fënnt de Semion Smolenskiy: vill Leit géifen Hëllef brauchen, oder plangen eréischt Saachen ze maachen.

Hire Projet géif schonn ëmgesat ginn an et wëllt dat op der COP27 weiderentwéckelen.

Hanner de Kulisse vun der COP27

Fir de Semion Smolenskiy ass d'COP27 eng interessant Erfarung, zielt hien.

"Als éischt mol: wat geschitt dobannen? Meeschtens héiert ee vun der COP27, datt Saache beschwat ginn, datt héich Politiker oder d'Greta Thunberg hei sinn. Mee elo wou mir hei sinn, gesi mir, wat alles ronderëm leeft."

D'COP27 wier méi wéi nëmme Verhandlungsronnen tëschent Politiker:innen oder Wëssenschaftler:innen, mee et wiere vill Leit, déi sech austauschen.

"Vläicht gëtt de Klimawandel net duerch d'Politiker bekämpft, mee duerch déi Leit, séi sech hei verbannen".

"Et ass wichteg eppes ze maachen"

Mir treffen eis an der "Blue Zone", dee méi offiziellen Deel vun der COP27. De Kontrast ass déi sougenannt "Green Zone", wou méi Jonker sech zesummendinn, do gëtt et Concerten, Konschtaktiounen, mat Leit déi gréisstendeels keng Akkreditéierunge fir d'Welt-Klimakonferenz hunn.

Et ass dem Schüler seng zweet COP, déi lescht war zu Glasgow, wou hien haaptsächlech do war fir bei de groussen Demonstratiounen dobäi ze sinn.

"Mee et ass awer elo net dat eenzegt, wourop mir eis fokusséiere sollen. Dat eent ass jo: drop opmierksam maachen, zB Demonstratiounen. Dat anert sinn Diskussioune fir eppes ze maachen, mee dat Wichtegst ass et ëmmer eppes ze maachen, an dat ass jo och bei eis mat deem Projet de Fall. Dofir: ech géif gäre weider demonstréieren, mee mir sinn op engem Punkt, wou mir och Aktioun mat abréngen."

Seng Rees op Sharm El-Sheikh dauert just e puer Deeg a gouf vu Youth4Planet finanzéiert, also indirekt mat vum Lëtzebuerger Staat. Seng Première huet de Semion Smolenskiy kuerz misse verloossen.

Et ass näischt fir säi Retour an d'Schoul geplangt, keng Presentatioun zum Beispill, just wichteg Prüfunge stinn um Programm.

Mee hie seet et wier e gudde Schrëtt fir de Projet och de Matschüler ze presentéieren. Aner Iddien déi hie fir säi Retour huet wier méi Schüler ze motivéieren seng Sektioun Scienes Environmentales ze maachen, an da wënscht hie sech och datt méi Leit nees op de Klima-Demonstratiounen zu Lëtzebuerg optrieden géifen.