Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E klengt Lëtzebuerg a Rumänien?

Offiziell Visite

E klengt Lëtzebuerg a Rumänien?

De sächseschen Dialekt, deen zu Sibiu geschwat gëtt, änelt dem Lëtzebuergeschen. Nieft de kulturelle solle sech och déi wirtschaftlech Relatiounen tëscht dem Grand-Duché an der rumänescher Stad entwéckelen.

auto_stories

4 min

An enger evangelescher Kierch zu Heltau, eng 15 Kilometer vu Sibiu, trëfft de Lëtzebuerger Premier op e Grupp vun eelere Fraen. Si schwätzen de siebenbürgesch-sächseschen Dialekt. Hir Virfahren si virun iwwer 800 Joer aus der Muselgéigend a Rumänien ausgewandert. Bis haut schwätzen si en däitschen Dialekt, deen dem Lëtzebuergeschen änelt.

De sächseschen Dialekt, deen an der Géigend vu Sibiu geschwat gëtt, huet och eng Roll gespillt, wéi d'Kulturjoer 2007 zu Lëtzebuerg geplangt gouf. Nodeems déi zypriotesch Haaptstad Nikosia 1995 Partner vun der Kulturhaaptstad Lëtzebuerg war, huet d'Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges sech an den 2000er dofir agesat, mat Sibiu zesummen ze schaffen.

Fraen zu Heltau

Verbonnenheet iwwer d'Sprooch

Och de Premier Xavier Bettel huet d'lescht Woch bei senger Visite ëmmer nees op déi kulturell Verbonnenheet tëscht Lëtzebuerg an der Géigend ronderëm Sibiu higewisen.

Lëtzebuergesch a Sächseschplay_arrow

Mä déi historesch Linnen tëscht Lëtzebuerg an dëser rumänescher Géigend si manner evident, wéi se dacks duergestallt ginn. Den Historiker Philippe Blasen lieft a Rumänien a schreift hei en Doktorat. Hie schwätzt vun engem "Mythos", deen eréischt nodréiglech, am 19. Joerhonnert, entstanen ass. D'Sprooche wieren net eent zu eent ze verstoen, seet de Philippe Blasen. Bis haut hätt och nach kee kéinte beweisen, datt de sächseschen Dialekt sech effektiv vum Lëtzebuergeschen géif ofleeden. "Et ass scho souguer schwéier ze beweisen, wéi déi verschidde siebenbürgesch-sächsesch Dialekter hei a Siwebürge matenee Famill sinn", seet den Historiker.

An dach ass bannent de leschte 15 Joer eng Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg entstanen, déi bis haut funktionéiert. Als Symbol dofir steet d'"Casa Luxembourg" am Zentrum vu Sibiu. Dëst aalt Stadhaus ass ugangs den 2000er Jore mat Lëtzebuerger Sue renovéiert ginn.

Casa Luxembourg zu Sibiu a Rumänien (Foto: Bigstock / ncristian )

An dësem Kulturhaus sollen d'Relatiounen och an de nächste Jore weider ausgebaut ginn. Mat engem Concert vum Lëtzebuerger Cellist André Mergenthaler, an a Präsenz vum Premier Xavier Bettel ass dofir d'lescht Woch e Lëtzebuerger Honorarkonsul fir Sibiu ernannt ginn. De Schauspiller Daniel Plier lieft zënter e puer Joer an der rumänescher Stad a kritt als Konsul elo e Büro an der Casa Luxembourg.

"Méi wirtschaftlech Zesummenaarbecht"

Seng Aufgab géif méi am kulturelle Beräich leien, mee och di wirtschaftlech Zesummenaarbecht soll verbessert ginn, seet den Daniel Plier. "Et ass elo net mäin Domän, mee ech schaffe mech gär do eran. Ech wäert jiddefalls probéieren do ze sinn als Vermëttler."

Op kulturellem Plang sinn eng Rei Partnerschaften haut scho fest etabléiert. Esou ginn zënter dem Kulturjoer 2007 regelméisseg Produktiounen aus dem Escher Theater am "Radu Stanca"-Theater zu Sibiu gewisen. Et kommen och rumänesch Stécker op Lëtzebuerg. D'Buergermeeschtesch vu Sibiu seet, hir Stad hätt Lëtzebuerg vill ze verdanken.

Méi attraktiv Aarbechtsplaze schafen

D'Astrid Fodor wënscht sech awer, datt déi gutt Relatioune sech wirtschaftlech nach méi staark bemierkbar maachen.

"Hermannstadt bitt vill Méiglechkeete fir d'Investisseuren. De gréissten Deel vun de Betriber sinn aus Westeuropa. Hermannstadt kéint och attraktiv fir Touristen aus Lëtzebuerg ginn."

Esou Investissementer kéinte Rumänien hëllefe méi attraktiv Aarbechtsplazen ze schafen. Wéinst engem Mangel u gutt bezuelter Aarbecht wanderen nämlech vill Rumänen aus. Sou gëtt geschat, datt zënter de 90er Joren iwwer dräi Millioune Rumänen d'Land verlooss hunn. Dorënner leide virun allem Secteuren, déi op gutt ausgebilte Leit ugewise sinn. Zum Beispill d'Gesondheetswiesen.

De jonken Historiker Phillippe Blasen dogéint ass eng rar Ausnahm: E Lëtzebuerger, deen a Rumänien geplënnert ass. Hie kéint sech virstellen a Rumänien ze bleiwen. "Natierlech ass ëmmer de Problem, datt een a verschiddene Situatioune léiwer zu Lëtzebuerg ass, well een net hei déi Konditiounen huet, déi ee sech soss erwaart."

Sibiu a Rumänien