Produzéiert gëtt Tyvek aus klenge Faseren, déi en Zéngtel Duerchmiesser vun Hoer hunn, déi dann iwwertenee geluecht ginn an thermesch traitéiert ginn, erkläert de Claude Metzdorf. Dorausser géif dann e Blat ginn, dat ganz schwéier ze zerstéieren ass.
Weltwäit op just zwou Plaze produzéiert
DuPont produzéiert Tyvek just op zwou Plazen uechter d'Welt: An den USA an zu Conter. Eng éischt Testanlag ass 1967 an den USA gebaut ginn, déi éischt Produktiounslinn zu Lëtzebuerg gouf 1988 inauguréiert, déi zweet 1995. Fir de Bau vun der drëtter Produktiounslinn vun Tyvek war de 4. Juni deen éischte Spuetestéch. Vun 2021 u soll do produzéiert ginn.
120 nei Aarbechtsplaze sollen hei entstoen an et sollen 340 Milliounen Euro investéiert ginn. Dës Investitioun wier e kloert Bekenntnis zum Standuert Lëtzebuerg, seet de Claude Metzdorf, Responsabele vum Projet. Et wier en Zeechen, datt DuPont déi nächst Joerzéngten zu Lëtzebuerg wéilt bleiwen a produzéieren. Et hätt een an den 30 Joer, an deenen DuPont zu Lëtzebuerg ass, e gewëssen Know-How a Kompetenz opgebaut.
Kloer Ëmweltoplagen
Et hätt een awer keng aner steierlech Arrangementer wéi aner Firme wéi zum Beispill Knauf, seet de Claude Metzdorf. Et géifen Ëmweltoplage ginn, déi een erfëlle misst. DuPont géif keng schiedlech Offäll produzéieren, an et géif ee versichen, d'Offäll ze recycléieren, seet de Claude Metzdorf. Et hätt ee gutt Kontakter mam Environnement, well een iwwer Jore gutt Relatiounen opgebaut hätt. Ugefaangen hätt dat mat der Commodo/Incommodo Prozedur, déi een am Abrëll d'lescht Joer ugefaangen hätt. Dës Prozedur hätt dann néng Méint gedauert.
Zwee Drëttel vun den 120 neien Aarbechtsplaze wäerten Operateure sinn, déi d'Produktioun ronderëm d'Auer assuréieren. Et wier allerdéngs schwéier Lëtzebuerger ze fannen, déi nach eng Aarbecht am Schichtbetrib géifen acceptéieren, esou de Claude Metzdorf. Momentan wieren 53 Prozent vun den 1.100 Mataarbechter bei DuPont Lëtzebuerger.