Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Land kläert op

Flüchtlingen

E Land kläert op

Den Internetsite "rumoursaboutgermany.info" wëllt Flüchtlingen iwwert d'Realitéit an Däitschland opklären. Am Mëttelpunkt stinn déi siwe gréisste Ligen, déi Passeuren de Refugiéeën erzielen. Zum Beispill, datt hir Booter riseg an d'Rees legal ass. Mee och datt all Flüchtling an Däitschland en Haus kritt.

auto_stories

2 min

"Däitschland huet 800.000 Plazen eleng fir afghanesch Refugiéeë reservéiert. All Flüchtling kritt 2.000 Euro an d'Hand, wann en an Däitschland ukënnt. " Oder eben: " All Refugié kritt an Däitschland en Haus zur Verfügung gestallt."

Dëst si just dräi vun de bekanntste Rumeuren, déi Passeuren an Afrika oder am Noen Osten deene Leit verzielen, déi sech op de Wee an Europa maachen. Mat "Rumours about Germany" wëllt den däitschen Ausseministère d'Leit opklären ier si déi geféierlech Flucht iwwerhaapt untrieden.

"Mir wëlle verhënneren, datt Leit, déi souwisou schonn an enger prekärer Lag sinn, mat falsche Virstellungen oder Erwaardungen op dëse schwéiere Wee ginn", sou d'Maria Adebahr, Spriecherin vum Auswäertegen Amt bei der Presentatioun vum Site.

Campagne gëtt ausgebaut

"Rumours about Germany" ass just een Deel vun der däitscher Opklärungscampagne fir Flüchtlingen. Zënter 2015 ginn déi selwecht Messagë schonn an Afghanistan, Pakistan, a Nord- an a Westafrika ënnert d'Leit bruecht. Zum Beispill gi grouss Annoncen op Busser geprint.

De Site soll awer net just iwwer d'Risike vun der Flucht informéieren, sou d'Maria Adebahr: "Mir probéiere mat der Websäit iwwer déi tatsächlech Liewensbedingungen an Däitschland z'informéieren. Mee eben och iwwer déi rechtlech Bedéngungen fir en Openthalt." Och d'Efforte vum Ausseministère fir d'Schafe vu laangfristege Perspektive ginn um Site ugeschwat.

Kritik vun ONGen

Verschidden Organisatioune gesinn de Site awer kritesch. Besonnesch zu der Expulsioun géife falsch Informatioune verbreet ginn. "Et ass net richteg, datt d'Chance ze bléiwen immens kleng ass", seet de Günther Burkhardt, Gerant vun der Stëftung Pro Asyl. Och datt een op eege Käschte géif zréckgeschéckt ginn, wann d'Asyldemande ofgelehnt gëtt, wier net ganz korrekt. "60 Prozent vun all den Afghane kritt vum Geriicht Recht. D'Halschent vun all den Asyldemandeuren ass zu Onrecht ofgelehnt ginn, a kritt vun de Verwaltungsgeriichter Schutz." D'Auswäerteges Amt géif Onwourechte verbreeden, déi net déi real Situatioun géif erëmginn.

Datt den däitschen Ausseministère de Wee vun engem Internetsite gewielt huet ass fir Pro Asyl och schwéier nozevollzéien. "Mat Reklamm a PR kann een déi real Politik net veränneren. Et ass eben esou, datt d'Leit illegal mussen iwwer d'Grenze komme well de legale Wee zou ass."

"Rumours about Germany" ass fräi zougänglech a besonnesch fir Smartphones konzipéiert. Den Handy ass vir vill Leit dat wichtegst Instrument op hirer Flucht. Disponibel ass d'Säit op englesch, franséisch an arabesch - net awer op Dari oder Paschtunesch, déi an Afghanistan geschwat ginn.