Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Lëtzebuerger Dokter am Epizentrum

Coronapandemie

E Lëtzebuerger Dokter am Epizentrum

De Bob Heger ass Anästhesist a Reanimateur am Unispidol zu Stroossbuerg. Hie gehéiert zur franséischer Reserve sanitaire an ass zanter Enn Februar wéinst dem Coronavirus am Asaz. Fir d'éischt an der Regioun Oise, wou en éischte Corona-Epizentrum war. Elo ass hien erëm zu Stroossbuerg, wou vill Covid-19-Patienten aus der Regioun Mulhouse traitéiert ginn.

auto_stories

4 min

An der Nuecht vum 27. op den 28. Februar goung eng éischt Alert un d'Membere vun der franséischer Réserve sanitaire. An der Regioun Oise goufen dréngend Renforte gebraucht, wéinst de villen Infektiounen an de Patienten, déi intensiv Soine gebraucht hunn, a well och d'Soignante sech infizéiert hunn, déi dunn a Quarantän hu missen, esou de Bob Heger.

Dat hätt dozou geféiert, datt innerhalb vu 24 Stonnen all Reanimatiounen eidel waren, well keng Soignante méi disponibel ware fir d'Garden ze maachen, seet hien.

Vill Personal gouf mobiliséiert

Mëttlerweil ass de Bob Heger zeréck zu Stroossbuerg, wou d'Patienten aus engem zweete grousse Cluster aus der Regioun vu Mulhouse behandelt ginn. D'Unisspidol mat 100 Intensivbetter disponéiert ëm, all net dréngend Operatioune sinn ofgesot ginn. Dat géif déi Better deblockéieren, déi soss vu frësch operéierte Patiente beluecht wieren.

D'Personal vum Block opératoire, d'Anästhesisten, d'Infirmieren an d'Aide-soignantë wieren och mobiliséiert ginn. Déi Leit géifen eng Formatioun kréien an an d'Intensivstatiounen integréiert ginn, déi de Moment iwwerfëllt wieren.

15 bis 20 Prozent vun de Patiente mussen hospitaliséiert ginn

Well de Virus nach nei ass, feelt et u gesécherten Donnéeën doriwwer, wéi d'Patiente behandelt solle ginn. Et géif just eng Etüd ginn, déi Donnéeën iwwer de Virus géif liwweren. Déi eenzeg Kohort, déi ee géif kennen, dat wier déi vum Croisièresschëff Diamond Princess, hei wieren all d'Leit getest ginn. Vun deene Leit waren 30 Prozent infizéiert, hätten awer keng Symptomer gehat.

75 bis 80 Prozent vun den Infizéierte mat Symptomer missten net an d'Spidol. Tëschent 15 an 20 Prozent mussen awer hospitaliséiert ginn, well si iwwer e Mask oder e Schlauch ënner der Nues Sauerstoff brauchen.

Fënnef Prozent vun den Infizéierte missten esouguer direkt an d'Intensivstatioun, fir intubéiert ze ginn, well si wéinst der staarker Infektioun vun de Longen net méi eegestänneg kéinten ootmen. Eng Intubatioun wier ganz dacks mat engem kënschtleche Koma verbonnen, deen zwee bis dräi Deeg géif daueren, seet de Bob Heger.

An Italie wier d'Erfarung, datt d'Patienten am Schnëtt 14 Deeg intubéiert misste sinn. "Dat mécht eng grouss Pressioun op eise Gesondheetssystem."

Ënnerschiddlechen Accès zu Medikamenter

Doriwwer eraus géif no e puer Deeg den Immunsystem staark noloossen. Et géife keng Donnéeë ginn iwwer déi Leit, déi eng Immunschwächt hunn, dowéinst wéisst een net genee, wéi een déi Patiente behandele sollt.

Et wier net esou, datt et guer keng Medikamenter fir den Traitement géif ginn, seet de Bob Heger. "Et ginn antiviral Medikamenter, déi géint den Aids benotzt ginn an aner Medikamenter, fir d'Replikatioun vum Virus ze ënnerdrécken." Als Beispill nennt hie Medikamenter, déi géint Malaria agesat ginn.

Net jiddwereen hätt awer Accès zu de selwechte Medikamenter, seet de Bob Heger. Dokteren a China hätten aner Medikamenter wéi d'Dokteren an Italien. "Jiddweree probéiert et esou gutt ze maachen, wéi e kann, mee am Moment gëtt et keng kloer Etüden, déi dat eent oder anert Medikament recommandéieren."

Traitement vu Patienten ass riskant

Et géif hëllefen d'Patienten, déi intubéiert sinn, reegelméisseg ze dréien, fir datt d'Longen anescht ventiléiert ginn. "Et muss een déi Patienten normalerweis am Intervall vu 16 Stonne vum Bauch op de Réck dréien", seet de Bob Heger. 60 bis 80 Prozent vun de Patiente géifen hir Longefunktioun doduerch verbesseren.

Dat géif och gemaach ginn, mee et wier awer riskant, well all Moment d'Intubatioun lass kéint goen an d'Soignanten sech kéinten ustiechen. Fir ee Patient ze dréien wiere fënnef Soignanten néideg, déi soss näischt maachen. Dee ganze Prozess géif eng hallef Stonn daueren, erkläert de Bob Heger. All Patient géif vun där Prozedur profitéieren. "Dat kann ee sech ausrechnen, wéi vill Soignanten ee brauch, fir ee Patient am kriteschen Zoustand ze behandelen."

Gesondheetssystemer sinn net dorop preparéiert

De Bob Heger schafft de Moment Schichte vu 24 bis 36 Stonnen. D'Epidemie géif sou laang weidergoen, bis genuch Leit an der Populatioun immuniséiert wieren, seet de Bob Heger. Mee hie warnt, et dierft een dem Virus net fräie Laf loossen, "soss gëtt et eng Katastroph". Eis Gesondheetssystemer wieren "absolut net" dorop preparéiert, fir de Pic vun der Epidemie kënnen ze traitéieren.

Déi eenzeg Méiglechkeet wier, den noe soziale Kontakt ze ënnerdrécken. Sollt dat klappen, da kéinten d'Zuelen an zwee Méint erofgoen, gëtt geschat.

Ressourcë riskéiere knapp ze ginn

D'Schätzunge gesi viraus, datt d'Fäll sech all véier bis sechs Deeg verduebelen, esou de Bob Heger. Wa säi Spidol d'Kapazitéit vun den Intensivbetter op 200 verduebelt, wier ee fir siwe bis zéng Deeg virbereet.

Duerno misst een d'Better vervéierfachen "an dono gesi mer, wéi wäit mer kënne goen", bis datt een op deem Punkt ukomm wier, datt een e Choix misst maachen, wien op d'Intensivstatioun misst, a wien net. All déi Patienten, déi op d'Intensivstatioun misste goen, mee et net kéinten, déi géifen all stierwen, seet de Bob Heber. "Dat ass dat, wat mer all fäerten."