Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Mount duerno: iwwer Sënn an Onsënn vu Wahlen

Gemengewahlen

E Mount duerno: iwwer Sënn an Onsënn vu Wahlen

Et gëtt gemengerhand ugeholl, datt fräi Wahlen de Grondsteen vun de modernen Demokratien ausmaachen. Déi lescht Gemengewahlen erënneren eis awer drun, datt deen Zesummenhang alles anescht, wéi evident ass. Drécke Wahlresultater wierklech d'Stëmm vum Vollek aus? An entspriechen d'Machenschafte vun de Koalitiounsaccorden tatsächlech der "volonté générale"?

auto_stories

3 min

Thierry Simonelli: Si Wahlen an Demokratie kompatibel?

Den aachten Oktober, viru genee engem Mount, waren d'Gemengewahlen. A wéi bei de leschten Legislativwahlen gouf et erëm eng Rei vun Iwwerraschunge fir d'Wieler, déi mat de Resultater net vill ze dinn haten.

E politeschen Individuum

Mir ginn an de Wahlbüro, a sinn do fir e puer Minutte politesch Sujeten. Dat heescht, mir si supposéiert als denkend Individuen aktiv zur zukünfteger Gestaltung vun den ëffentlechen Froe bäizedroen. An deem kuerze Moment si mir dann net méi just d'Objete vun der Politik, déi méi oder wéineger passiv Matspiller vun Entscheedungen, déi vun de politesche Vertrieder ouni weider Réckfro fir eis geholl goufen, esou wéi an de laange Joren tëscht de Mandater.

Mir ginn an de Wahlbüro mat der Virstellung, eng "Stëmm" ze hunn. An dann, nodeems all eis sougenannte "Stëmmen" zesummegezielt goufen - um Verb héiert ee schonn ee vun de Paradoxe vun dëser Prozedur - gi mir gewuer, datt déi abstrakt Zuelen eise politesche Vertrieder eng Marge de Manoeuvre loossen, fir sech op eng Aart a Weis ënnert sech z'arrangéieren, déi politesch Inhalter, wann iwwerhaapt, just nach flüchteg sträift.

Wat geschitt no de Wahlen?

Wéi vill Wieler, hunn och ech mech dës Kéier erëm gefrot, wat fir ee Sënn dann esou e Wahlprozess huet, wann en ëmmer erëm, wéi d'Josée Hansen dat treffend formuléiert huet, op de "Folklore" vun de Koalitiounsverhandlungen erausleeft?

Wahlen, esou eng allgemeng Virstellung, sinn de Grondstee vun der Demokratie. Mindestens wier dat déi politesch Fantasie, mat där mir an de Wahlbüro ginn.

Si Wahlen an Demokratie kompatibel?

Nu ass et awer esou, datt Wahlen an Demokratie während Joerdausende vu politeschen Denker als inkompatibel ugesi goufen.

D'Grondiddi vun der al-athenescher Demokratie, déi fälschlecherweis nach dacks als Virbild vun eisen zäitgenësseschen Demokratien ugesi gëtt, war déi vun der Gläichheet. Wuel gemierkt, Gläichheet vun de fräie männleche Bierger, ënnert dem Ausschloss vun de Fraen, Sklaven a "Métequen", dat heescht, de Friemen aus anere Stied oder Regiounen.

Mam Grondprinzip vun der Gläichheet sinn Elektiounen awer net kompatibel. Dofir goufe politesch Mandater op Grond vu periodeschen Auslousungen decidéiert. An engem demokratesche Regime, esou den Aristoteles, soll jiddwereen ofwiesselnd regéieren a regéiert ginn.

Wahlen fir d'Elite

Iwwer zwee Joerdausende laang, nach bis bei den Montesquieu an de Rousseau, goufen d'Wahle systematesch als Wiese vun der Aristokratie ugesinn.

Aristokratesch oder och oligarchesch nennt een e politesche Regimme, an deem d'Muecht vun enger klenger Elite, enger Klass oder enger Kast gehale gëtt, déi sech periodesch kooptéiere loossen. Aristokratien an Oligarchien funktionéieren och ganz gutt am Zesummespill mat Konstitutiounen, an esou guer mat Parlamenter.

Aristokratien an Oligarchien funktionéieren och am Beschten, wann déi Elitten, déi Bescht, déi gewielt ginn, dat opgrond vun hire perséinleche Qualitéite ginn. Wat hei zielt ass de perséinleche Charisma, eventuell d'Rhetorik oder einfach déi ongenéiert Frechheet vun deem, deen am autoritäerste jäizt.

Wahlen zu Lëtzebuerg

Eise Regime ass also e Mëschwiesen, zesummegesat aus Aspekter vun Aristokratie, Oligarchie a Plutokratie, duerchsat mat e puer demokrateschen Elementer. Zu deenen demokrateschen Elementer gehéieren ënner aneren déi fundamental Rechter, an déi ëffentlech Fräiheeten, déi am zweete Kapitel vun eiser Konstitutioun festgehale goufen.

Eis Wahle par konter, esou wéi se elo funktionéieren, gehéiere ganz offensichtlech net zu deenen demokrateschen Elementer.