Radioen

On air

Tockcity  |  Dizzee Rascal - Stay In Your Lane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Pak ouni Spëtzekandidaten

EU-Top-Posten

E Pak ouni Spëtzekandidaten

D'EU-Staats- a Regierungscheffe proposéieren, datt déi däitsch Verdeedegungsministerin Ursula von der Leyen soll Kommissiounspresidentin ginn. Dat ass awer ëmstridden. De Premier Xavier Bettel huet den Accord begréisst, fir de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass de Spëtzekandidatsystem dout.

auto_stories

4 min

Ursula von der Leyen - sou kéint déi éischt Fra un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun heeschen. D'EU-Staats- a Regierungscheffen hunn zwee Deeg gebraucht, éier si dës Propos op den Dësch geluecht hunn. Mam Poste vum Conseilspresident geet een héije Posten un de fréiere belsche Premier Charles Michel. D'Cheffin vum Internationale Wärungsfong Christine Lagarde, gëtt als Presidentin vun der Europäescher Zentralbank proposéiert.

Dee Pak, deen den Dënschdeg den Owend no laangen Diskussioune presentéiert gouf, ass net onëmstridden an et ass onsécher, ob d'Europaparlament dem Pak wäert zoustëmmen.

D'Parlament setzt op d'mannst beim wichtegste Posten, bei deem vum Kommissiounspresident um Hiewel. Hei brauch d'Ursula von der Leyen, déi aktuell däitsch Verdeedegungsministerin, eng Majoritéit, fir effektiv als éischt Fra de Poste vun der Kommissiounspresidentin unzetrieden.

Et war keen einfache Kompromëss, sot nom Sommet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. De Ball läit elo am Parlament, sou säi klore Message.

E Kompromëss un deem laang geschafft ginn ass

Deel vun deem Kompromëss ass, datt kee vun deene Politiker, déi als Spëtzekandidat bei den Europawahlen dobäi waren, ee vun den Top-Poste kritt. De System vun de Spëtzekandidaten ass eigentlech dout, seet de Jean-Claude Juncker, deen dank deem System Kommissiounspresident gouf.

Trotzdem stellt sech de Jean-Claude Juncker hanner d'Kandidatin Ursula von der Leyen, déi jo och Member an där nämmlechter Partei wéi hien, der Europäescher Vollekspartei, ass. Si géif vill Sprooche schwätzen, hätt eng gutt Kenntnis iwwer Europa, virun allem am Aussepoliteschen an am Verdeedegungspoliteschen, mee awer och am Sozialen. Hiren Hannergrond als däitsch Aarbechtsministerin a Familljeministerin wier och en Atout, sou de Jean-Claude Juncker.

Och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel ka mat där Besetzung liewen. Hie schwätzt vun engem equilibréierte Pak. Et wier zwar keen einfache Kompromëss gewiescht, mee schlussendlech wier een ouni Géigestëmm zu deem Kompromëss komm.

Ursula von der Leyen net onëmstridden

Ouni Géigestëmm - dat stëmmt faktesch - de Kommissiounspresident gesäit dat awer liicht anescht. Tatsaach ass, datt d'Kandidatin Ursula von der Leyen an der däitscher Grousser Koalitioun ëmstridde war, an net vun der SPD matgedroe gouf. Um Enn huet sech beim Vott d'Kanzlerin Angela Merkel missen enthalen. De Jean-Claude Juncker bedauert, datt Däitschland sech bei der Ofstëmmung iwwer d'Nominatioun vun der Ursula von der Leyen am Conseil enthalen huet. Eng Enthalung am Conseil Européen wier esou vill wéi "Nee", sou den nach-EU-Kommissiounspresident.

Och am Europaparlament gouf et den Dënschdeg kritesch Stëmme par Rapport zur däitscher Kandidatin an d'Freed doriwwer, datt elo kee vun de Spëtzekandidaten zeréckbehale gouf, ass net grouss. Ee Krich vun den Institutiounen, tëschent Parlament a Conseil, wou d'Staats- a Regierungscheffen dra setzen, erwaardt sech de Xavier Bettel awer net.

Wéi eng Konsequenze fir déi europäesch Demokratie?

De Problem ëm de Spëtzekandidatesystem géif verréckelt ginn, erkläert de Xavier Bettel. Souwuel den aktuelle Premierminister wéi och de Jean-Claude Juncker begréissen, datt en Aarbechtsgrupp am Europaparlament kloer Reegele fir d'Nominatioun vun der Kommissioun soll ausschaffen.

De Jean-Claude Juncker bleift awer bei senger Meenung, datt de Spëtzekandidaten-Modell den demokrateschste Modell ass.

Wahl vum Parlamentspresident

Fir datt de Persoune-Pak equilibréiert ass, hunn d'Staats- a Regierungscheffen och schonn emol Propositioune gemaach, wie kéint Parlamentspresident ginn. Dat gouf awer net schrëftlech festgehalen, seet den nach-Kommissiounspresident.

De Jean-Claude Juncker ass der Meenung, datt een d'Europaparlament muss respektéieren an datt am Europaparlament muss argumentéiert ginn.

D'Parlament wielt haut, Mëttwoch säi President. De Vott iwwer d'Kandidatin fir Kommissiounspresidentin ze ginn, kéint an där zweeter Sessioun vun deem neie Parlament, Mëtt Juli, sinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.