Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E President a säi Geriichtshaff: E Beispill aus der Geschicht

Fräie Mikro

E President a säi Geriichtshaff: E Beispill aus der Geschicht

Haut virun 80 Joer, de 5. November 1940, ass de Franklin Delano Roosevelt eng drëtte Kéier zum President vun de Vereenegte Staate gewielt ginn. Wärend sengen zwee éischte Mandater hat hien eescht Ausenanersetzunge mat der Supreme Court. Um Hannergrond vun deene rezenten Diskussiounen iwwer dëse Geriichtshaff geet d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante, op eng institutionell Relatioun an, déi esou an eisem Land net denkbar wier.

auto_stories

3 min

D'Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante. Foto: Archiv

Wéi de Franklin Delano Roosevelt 1932 eng éischte Kéier gewielt gouf, louchen d'USA no der schwéierer Finanz- a Wirtschaftskris vun 1929-30 um Buedem. Den nei gewielte President war der Meenung, den Nationalstaat misst duerch eng nei Verdeelung vun de Kaarten - den New Deal - agräifen, fir d'Wirtschaft ze stabiliséieren, de Baueren ze hëllefen an d'Banken ze kontrolléieren.

Am Trump sengem Amerika vun haut wier esou eng Politik rengste Kommunismus. Awer och am Roosevelt sengem Amerika vun deemools war et fir de President schwéier, d'Iddi duerchzesetzen, datt Washington sech kéint - a misst - an d'Affäre vun deenen eenzele Staaten amëschen.

Den Afloss vun engem Geriicht op national Politik

Gläich am Ufank vu sengem éischte Mandat huet de Roosevelt 15 wichteg Gesetzer duerch d'Parlament bruecht fir d'Wirtschaft ze stäerken an de Chômage erofzesetzen. Direkt huet d'Supreme Court déi Gesetzer als verfassungswiddreg erkläert, well se dem zentrale Pouvoir ze vill Muecht iwwer déi eenzel Bundesstaate géife ginn.

Vu Mee 1935 un huet d'Supreme Court - dacks eestëmmeg - méi Gesetzer ofgeblockt wéi jee virdrun an der amerikanescher Geschicht. Dem President Roosevelt seng Positioun gouf awer gestäerkt duerch säi grousse Succès bei de Walen vun 1936: hie krut 60,8 Prozent vun de Stëmmen an huet dat als Opfuerderung gesinn, mat senger New Deal Politik weiderzefueren.

Court-Packing

Dat war awer mat där deemoleger Supreme Court net méiglech. 1937 huet de President - all Verfechter vun der Gewaltentrennung stinn d'Hoer zu Bierg - eng Reform vun deem ieweschte Geriichtshaff virgeschloen. Well d'Riichter vun där Institutioun liewenslänglech genannt sinn, ass et net seelen, datt et Hären an Dammen vun iwwer 70 sinn, déi iwwer wichteg politesch a sozial Froe bestëmmen.

Dem Roosevelt säi Virschlag war et, bis zu sechs zousätzlech Riichter ze bestëmmen, fir all Riichter iwwer 70 Joer. Dëse sougenannte Court-Packing ass och senger eegener Partei ze wäit gaangen. Trotz dem Echec vun dësem Virschlag war an der Tëschenzäit den Drock vun der Ëffentlechkeet op den ieweschte Geriichtshaff esou grouss, datt een zwee Joer méi spéit seng Haltung revidéiert huet. 1937 huet e formell erkläert, datt Washington d'Recht hätt, deenen eenzelen Bundesstaaten déifgräifend wirtschaftlech Mesuren ze imposéieren.

An de 60er Jore sollt sech eng änlech Situatioun stelle mat dem President Johnson senge Sozialgesetzer, wéi z. B. de Voting Rights Act vun 1965, duerch deen d'Afro-Amerikaner aus de Südstaaten en onageschränkt Walrecht kruten.

E liewenslänglechen Afloss

Fir eis ass esou en Amalgamm vun Exekutiv, Legislativ a Judikativ onvirstellbar. Och ass et fir eis ondenkbar, datt néng eenzel Riichter - mat hire perséinlechen a reliéisen Iwwerzeegungen - bis un hiert Liewensenn iwwer Milliounen anerer bestëmme kënnen, an dat an essentielle Froe wéi Doudesstrof oder Ofdreiwung.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.