Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E puer Froen zur Sortie de crise

Fräie Mikro

E puer Froen zur Sortie de crise

D'Regierung versicht zanter engem Joer, zum Deel am Konsens mat der Oppositioun am Parlament, esou gutt wéi méiglech d'Suitte vun der Pandemie ze meeschteren. Mee et gëtt eng weider Erausfuerderung, an zwar d'Sortie aus der sanitärer Kris ze plangen. Net nëmmen um medezineschen, mee och um wirtschaftlech-sozialen, wéi um psychologesche Plang. Am Fräie Mikro stellt den Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH), Denis Scuto, dozou e puer Froen un déi politesch Responsabel.

auto_stories

4 min

Den Denis Scuto ass Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH). Foto: Archiv

Och wa mer zanter genee engem Joer net, wéi de franséische Präsident Macron an aner Politiker et an hire Kommunikatiounsdelirie formuléiert hunn, an enger Krichssituatioun liewen, erliewe mer déi gréisste Kris zanter der Wirtschaftskris vun den 1970er Joren.

Déi aarm Leit si besonnesch getraff

Wéi deemools versiche Regierung a Sozialpartner mat aktiver Mathëllef vu groussen Deeler vun der Bevëlkerung Solidaritéitsmechanismen en place ze setzen a mobiliséiere Staatsgelder fir déi wirtschaftlech a sozial Suitte vun der sanitärer Kris ofzefiederen.

Wéi deemools verhënnert dat leider net, datt déi Mënsche mat de prekäersten Aarbechts- a Liewensbedingungen nach méi fragiliséiert ginn: Männer a Fraen, déi virdru schonns fir en niddrege Loun geschafft hunn, an elo mat engem weidere Réckgang vun hire Revenue konfrontéiert sinn, Jonker, wou de Chômage zu Lëtzebuerg op d'Rekordhéicht vu 25 Prozent geklommen ass, monoparental Familljen, fir déi den Aarmutsrisiko mëttlerweil bei bal 50 Prozent läit.

D'Bewosstsinn fir déi sozial Inegalitéiten, déi duerch d'Corona-Kris nach verschlëmmert goufen, ass déi lescht Woche geschäerft ginn, duerch dat komplett verantwortungsloost Behuele vun Impfvirdrängler, déi zur wirtschaftlecher Elite vum Land gehéieren.

Aarmutsbekämpfung am 21. Joerhonnert

Am Kader vun der Stolkris huet mengem Papp seng Schmelz 1977 hir Dieren zougemaach, déi Escher Terre Rouge-Schmelz. Glécklecherweis fir hien a fir Dausenden aner Stolaarbechter an hir Famillje gouf dat selwecht Joer, am gréissere Kader vun engem Rettungsplang fir d'Arbed, eng Division anti-crise (DAC) agefouert, no Decisioun vun der Tripartite Regierung-Patronat-Gewerkschaften, fir Massenaarbechtslosegkeet ze verhënneren. Dofir meng Froen: Wéi kéint eng DAC 2021 an déi Joren dono am Kampf z. B. géint Chômage ausgesinn? A lieft d'Tripartite nach?

An engem, wéi hie selwer sot, heretesche Gedanken, sot de Statec-Direkter Serge Allegrezza 2018 an engem Interview, de Staat misst 700 Milliounen Euro pro Joer ausgi fir d'Aarmut hei am Land ze eradiquéieren. Schonns deemools hunn d'Wunnengskäschte fir vill Famillje méi wéi 50 Prozent vun hirem Budget ausgemaach.

Wuelwëssend, datt grad d'Wunnengspräisser weider an d'Luucht gaange sinn, erlaben ech mer dofir weider Froen ze stellen: Wéi soll déi dringend Aarmutsbekämpfung am 21. Joerhonnert zu Lëtzebuerg ausgesinn? Wéi sollen zousätzlech budgetär Moyene finanzéiert ginn? Viru 40 Joer ass et ë.a. iwwer eng national Solidaritéitssteier, am Volleksmond Arbed-Steier genannt, geschitt. À moins, datt d'Regierung d'Staatsschold wëllt weider eropschrauwen, stellt sech d'Fro, wéi se sech eng gerecht Steierpolitik haut a muer hei am Land virstellt.

Psychologescht Leiden

Mat enger Remark an engem Virschlag wéilt ech ofschléissen. An déi betreffen de mënschlechen Impakt vun der sanitärer Kris. An deem Joer, wou mer eis sozial Kontakter dramatesch hu missen aschränken, wou jiddwereen op senger Aarbecht, mee och am private Beräich gesäit wéi Famill, Frënn, Kolleegen a Kolleeginne psychologesch drënner leiden, sinn ech mer enger Saach nach méi bewosst ginn.

Mir alleguer, mee besonnesch eis Kanner a Jonker, déi am Ufank vun hirer Perséinlechkéitsentwécklung stinn, brauchen tëschemënschlech Kontakter wéi d'Loft fir ze ootmen. Dat Wäertvollst an eisem Wiesen a Liewe läit dodran, datt mer eis Gedanken, eis Gefiller, eis Froen iwwer eis an iwwer d'Welt matdeelen, also mat anere Persounen deele kënnen.

Dat, wat de Soziolog Emil Durkheim scho viru méi wéi 100 Joer als déi gréisste Gefor an eise moderne Gesellschaften ugesinn huet, d.h. den Zoustand vun Anomie, an anere Wierder eleng ze sinn, isoléiert, ouni sozial Lienen, ass zanter engem Joer an der Extremsituatioun vun der Pandemie eng Norm ginn.

Sech mat de laange Suitten ausernee setzen

Sortie de crise heescht also och dat Wäertvollst vum mënschleche Wiesen nees an de Virdergrond stellen. Erlaabt mer dofir zum Schluss ee konkrete Virschlag an deem Zesummenhang un d'Regierung ze maachen. An dat ass an den nächste Wochen a Méint all d'Gremien, déi mat der Gestioun vun der Covid-Kris ze dinn hunn, mat Professionellen a Chercheuren opzestocken, déi sech mam psychologesche Wuelbefannen an, no engem Joer Pandemie, virun allem mat der psychescher Belaaschtung vu groussen Deeler vun der Bevëlkerung auserneesetzen an hei hëllefe kënnen.

Well d'Wonnen, déi d'sanitär Kris an eisem mënschleche Wiese verursaacht, sinn - genee wéi déi kierperlech Sequellen - zwar elo scho visibel, mee an hire Suitten haut leider nach net anzeschätzen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.