Radikaliséierung "E reale Phenomen zu Lëtzebuerg"

15 Persounen si bei der Berodungsstell géint Radikaliséierung gemellt. "Dat si méi Leit wéi ee sech erwaart hätt, wéi ee viru knapp engem Joer gegrënnt gi war", seet d'Karin Weyer. Si ass Responsabel vum Zentrum géint Radikaliséierung.

Mick Entringer / ys

Eng radikaliséiert Persoun
Foto: Bigstock / Superjs

Zu Lëtzebuerg gëtt et Radikaliséierung, an et hätte sech bis elo méi Persoune gemellt wéi geduecht, seet d'Karin Weyer. Dobäi géif et sech esouwuel ëm politesch, wéi ëm reliéis Radikaliséierung handelen. Déi Leit, déi sech un den Zentrum géint Radikaliséierung adresséiert hunn, stame souwuel aus dem familiären Entourage, wéi och Léierpersonal ronderëm, awer och Leit selwer an Nopere well se sech Suergen.

"respect.lu" wier zoustänneg fir all Forme vu Radikaliséierung déi zu Gewalt féiert. Den Zentrum beréit a mécht och Preventiounsaarbecht. "Et ass eng Aarbecht au cas par cas, well och bei deene 15 Situatiounen, war keng Situatioun déi ee mat enger anerer kéint vergläichen."

Nach kee Fall am Prisong

Bis elo géif et de Phänomen vun der Radikaliséierung am Prisong nach net ginn. Et wier ee sech awer bewosst, datt dat geschéie kéint. Et wier een zesummen am gaangen ze kucken, wéi een d'Personal vum Prisong ka forméieren, fir datt si dat méi am Aen hunn a matkréien, an och wësse wéi si sech solle verhalen.

Psychologe vu "respect.lu" géifen dem Beruffsgeheimnis ënnerleien, dat géif awer do ophale wou eng Gefor fir d'Ëffentlechkeet géif bestoen. An deem Fall missten d'Autoritéiten informéiert ginn.

"Et ass net esou, datt ee sech géif un eis wenden an da géif iergendeppes en marche gesat ginn, wou ee keng Anung huet wat da geschitt", seet d'Karin Weyer. Et wier ee ganz transparent an et géif een de Leit soen, wann een eng reell Gefor géif erkennen.

Mat den Eltere bei d'Police

Mat Elteren hätt ee bis elo nach net ze doe gehat. Wann dat de Fall wier, wier et d'Zil, mat hinnen zesumme bei d'Police ze goen. "All Elteren ass et léiwer, hiert Kand gëtt vun der Police suivéiert, wéi en huet eppes gemaach, wou hien duerno net wëllt, datt dat geschitt."

Bis elo wieren nach keng Elteren un si eru getrueden, well hiert Kand d'Land verlooss huet fir sech am Ausland enger radikaler Organisatioun un ze schléissen. "Ech mengen dofir gëtt et eis nach net laang genuch."


D'Gespréich mat der Karin Weyer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Respekt.JPG
Zentrum géint Radikaliséierung

Den neie Lëtzebuerger Zentrum géint Radikaliséierung applizéiert eng breet Definitioun vu Radikaliséierung. Extremismus wier net nëmme reliéis oder islamistesch, betount eng Psychologin, déi do schafft.

Portrait Of Threatening Terrorist Wearing Balaclava Addressing Camera
Jugend

Den Educatiounsministère preparéiert e Programm mam Zil Jugendlecher virun enger Marginaliséierung ze protegéieren. Eng Marginalséierung, déi an den Ae vun der Regierung den Haaptgrond fir Radikaliséierung wier.

radikaliséierung schoul.jpg
Präventioun

No den Terrorattentater zejoert zu Paräis huet d'Regierung e Programm vu präventive Mesure annoncéiert, fir d'Radikaliséierung vun deene Jonken ze verhënneren. Mee Moyene ginn et dofir net vill.

internet.jpg
Jonk IS-Kämpfer

Och Jonker aus dem Weste fille sech vun der Propaganda vum Islamesche Staat ugezunn, a maache sech op de Wee an den Irak oder Syrien. Wéi kënnt et dozou? A wat sichen a fanne si do?

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen