Radioen

On air

Notturno  |  Vic Chesnutt - Flirted With You All My Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Réckbléck op 16 Joer Merkel-Kanzlerschaft

Réckbléck

E Réckbléck op 16 Joer Merkel-Kanzlerschaft

Wann Däitschland e Sonndeg en neit Parlament wielt, da geet och d'Kanzlerschaft vun der Angela Merkel esou lues op en Enn. No 16 Joer als Regierungscheffin hält d'CDU-Politikerin op. An de véier Legislaturperioden ënner hirer Féierung ass an Däitschland vill geschitt. An trotzdeem bléift d'Gefill: Do war méi dran.

auto_stories

5 min

"Wir haben, soweit wir die Ergebnisse verfolgen können, heute Abend festzustellen 'Rot-Grün ist abwählt in Deutschland und das ist eine gute Nachricht'."

Et ass den 18. September 2005, e puer Minutten, nodeems déi éischt Héichrechnungen vun der Bundestagswahl 2005 verëffentlecht goufen. D'Unioun vun CDU an CSU ass nees stäerkste politesch Kraaft an Däitschland. An hir Spëtzekandidatin, déi deemools 51 Joer al Angela Merkel, ass prett, fir Verantwortung z'iwwerhuelen.

"Der Wahlmampf ist vorbei und jetzt geht es darum für die Menschen in Deutschland eine stabile Regierung zu bilden."

Et ass eng aner politesch Welt, an där d'Angela Merkel viru 16 Joer Kanzlerlin gëtt. Däitschland ass nach ganz eendeiteg en Zwee-Parteie-Staat, SPD an Unioun hunn zesummen bal 70 Prozent vun de Wielerstëmmen. A sou stellt sech dann och eraus, datt just eng Koalitioun realistesch ass: déi Grouss Koalitioun.

Et ass den Ufank vun enger Ära an Däitschland - eng, déi d'Angela Merkel zur Regierungscheffin mat der längster Amtszäit an Däitschland mécht, mee och de politesche System an d'Land fir ëmmer verännert.

D'Finanzkris: Eng éischt Bewärungsprouf fir d'Angela Merkel

Déi nei Kanzlerin geréit 2007 fir d'éischte Kéier wierklech ënner Drock. D'Finanzkris trëfft och Däitschland haart, mee d'Angela Merkel zéckt. Eng europäesch Léisung vun der Kris wëllt si ugangs net. Nach ass si net "la vraie Patronne d'Europe", wéi de "Monde" se e puer Joer méi spéit wäert bezeechnen. Dann awer entdeckt d'Angela Merkel d'Krisemanagerin a sech.

"Es hat sich etwas gezeigt, was selten vorkommt. Der Staat war und ist die einzige Instanz um das Vertrauen zwischen den Banken wieder herzustellen. Und zwar zum Schutz der Bürger und nicht zum Schutz von Bankinteressen."

Datt déi éischt Jore vun der Kanzlerschaft vun der Angela Merkel, der Naturwessenschaftlerin, esou vun der Finanzpolitik sollte gepäägt ginn, war net z'erwaarden. Mee: Och an der Eurokris iwwerhëlt si eng droend Roll. Si spillt sech ëmmer méi no fir, och an der EU-Politik.

"Scheitert der Euro, scheitert Europa und das darf nicht passieren."

Gläichzäiteg fält et der Kanzlerin awer schwéier, fréier Häerzensthemen och am Kanzleramt ze besetzen. Gett déi fréier Ëmweltministerin am Ufank nach als Klimakanzlerin bezeechent, sou geléngt et hir awer net, gréisser Mesuren géint de Klimawandel duerchzesetzen. Au contraire: Zu Bréissel ass et méi wéi eng Kéier d'Angela Merkel, déi Fortschrëtter bremst - fir déi heemesch Autosindustrie ze schützen.

Een ze iwwerstierzten Ausstieg aus der Atom-Energie

2011 dann Atomaccident am japanesche Fukushima. An d'Kanzlerin, déi bis elo a Krisenzäiten sou iwwerzeegt hat, reagéiert iwwerstierzt. Nodeems hir Regierung den Ausstieg aus der Kärkraaft, deen SPD a Gréng Jore virdru beschloss haten, réckgängeg gemaach hat, ännert d'Kanzlerin vun engem Dag op deen aneren hir Meenung.

"Ich will hier ganz offen sagen als eine Befürworterin der friedlichen Nutzung der Kernenergie. Meine Sichtweise auf die Kernernergie hat sich durch die Ereignisse in Japan verändert und deshald wird es jetzt darum gehen bis Mitte Juni auch die entsprechenden Konsequenzen aus den Ereignissen aus Japan für die Frage der Nutzung der Kernenergie in Deutschland zu ziehen."

Mee: d'Angela Merkel bléift weider un der Muecht - a fir déi lescht aacht Joer vun hirer Kanzlerschaft nees an deem Bündnis, mat deem alles ugefaangen hat: der Grousser Koalitioun.

D'Angela Merkel huet eng wichteg Roll dobäi gespillt, datt an hirer Zäit de laangjärege Partner SPD lues a lues ofgestigen ass. Ëmmer méi réckelt si hir CDU an de politeschen Zentrum, besetzt Themen, déi soss éischter bei de Sozialdemokraten louchen.

"Wir schaffen das"

An da kënnt d'Joer 2015. Ee vun de Momenter, bei deene sech déi Grouss Regierungsmajoritéit am Parlament ausbezillt.

"Ich sage ganz einfach 'Deutschland ist ein starkes Land und das Motiv in dem wir an diese Dinge herangehen muss sein: Wir haben so Vieles geschafft, wir schaffen das."

Nees ass et eng Kris, déi d'Angela Merkel zu Héchstleeschtung undréift. An hir Decisiounen am Flüchtlingssummer 2015 wäerten, méi wéi alles aanescht, hirt Vermächtnis als Kanzlerin sinn. Mat der Decisioun, méi wéi eng Millioun Leit, virun allem aus Syrien, opzehuelen, setzt d'Angela Merkel dat wichtegst Zeechen an hirer Kanzerlschaft.

Mee d'Joer 2015 spléckt Däitschland och. Dat geet net eleng op d'Kap vun der Angela Merkel. Mee den Opstig vun der AfD, den Opstig vu Rietsnationalismus an Extremismus, deen sech an de leschte Joren an Däitschland wéist, och dofir dréit d'Regierungschefin d'Verantwortung.

Geet et Däitschland a senge Bierger besser wéi viru 16 Joer?

Datt d'Angela Merkel sou laang däitsch Kanzlerin war, läit un hir. Un hirer Beléiftheet, un hirer Aart a Weis, um Bueden bliwwen ze sinn. Mee si hannerléisst e gemëschtent Vermächtnis. Krisekanzlerin war se, jo - mee 16 Joer Kanzlerschaft bestinn net nëmmen aus Krisen.

Wéi si 2005 untrëtt, seet si.

"Deutschland steht in einer Situation in der wir im europäischen aber auch im Weltvergleich einen teilweise Abwärtstrend zu verzeichnen haben für unser Land. Und unser Ziel ist es diesen Abwärtstrend zu stoppen, ihn umzukehren und den Menschen in unserem Land wieder mehr Wohlstand, mehr Teilhabe - vor allen Dingen auch mehr Arbeitsplätze - zur Verfügung zu stellen."

Däitschland ass et als Wirtschaftsnatioun gutt gaangen ennert der Angela Merkel. Mee d'Schéier tescht Aarm a Räich ass net méi kleng ginn, au contraire. Däitschland bléift Niddreglounland, d'Halschent vun der Populatioun muss mat manner wéi 2100 Euro netto am Mount iwwert d'Ronnen kommen.

Geet et Däitschland a senge Bierger besser wéi viru 16 Joer? Dorops gett et keng kloer Äntwert. Mee genau dat heescht jo och eppes.