Radioen

On air

Tockcity  |  Noah And The Loners - Crash Landing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Réckbléck op de Fall "Kierchefabricken"

Kathoulesch Kierch

E Réckbléck op de Fall "Kierchefabricken"

De Sträit tëscht dem Inneminister Dan Kersch, dem Bistum an dem Syfel iwwert d'Zukunft vun de Kierchefabricken huet säin Héichpunkt erreecht. Den Inneminister wëll dës al Institutiounen ofschafen, de Syndikat vun de Kierchefabricken gëtt awer net no. Schlussendlech gouf keen Accord zesumme mam Bistum fonnt. De Gesetzprojet, ëm deen et geet, gouf dës Woch am Regierungsrot diskutéiert. An deem ganzen Duercherneen mécht et Sënn, den Dossier eng Kéier vu vir un opzemaachen.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock

Ufank der Woch huet de Syfel dem Inneminister seng lescht Propos iwwert d’Zukunft vun de Kierchefabricken refuséiert. Domat ass kloer: Et gëtt keen Accord tëscht dem Inneminister Dan Kersch, dem Bistum an dem Syndikat vun de Kierchefabricken.

De Syfel geet souguer sou wäit, weider juristesch Schrëtt an d'Weeër ze leeden, wann de Minister d'Gesetz a senger aktueller Form weiderdreift. "Sollt sech weisen, datt widder all gesonnte Mënscheverstand dat Gesetz duerchgebaatscht gëtt, wäerte mindestens nach Expropriatiounsprozesser op d'Regierung duerkommen. Et muss ee jo bedenken, datt de Staatsrot nach näischt dozou gesot huet", sot de Marc Linden, Vize-President vum Syfel.

En éiwege Sträit

Dës Menacë vu juristesche Moossname sinn dat, bis elo, lescht Kapitel vun enger Diskussioun, déi mëttlerweil schonn e puer Joer um Bockel huet. An an där ganzer Zäit gouf esou vill gestridden an diskutéiert, datt et liicht war, an der Tëschenzäit den Iwwerbléck ze verléieren.

Dëse Mëttwoch huet den Dan Kersch am Regierungsrot Ännerungen um Gesetzprojet iwwert Zukunft vun de Kierchefabricke proposéiert. Dowéinst ass elo de Moment, fir eng Kéier d’Fro ze stellen: Fir wat gëtt am Fong iwwert d'Kierchefabricke gestridden?

Originne vun de Kierchefabricken

D'Verwirrung geet scho beim Wuert Kierchefabrick lass. Och wann de Gros vun de Lëtzebuerger kathoulesch ass, dierft dëst Wuert, besonnesch ënnert jonke Leit, deene wéinegsten e Begrëff sinn.

Wann ee sech d'Originne vum Begrëff ukuckt, ass dat och net weider verwonnerlech. Geschaaft duerch en imperialen Dekret vum Napoleon am Joer 1809, verwalten d'Kierchefabricken de Patrimoine vun de Kierchen. Wéi aus Lëtzebuerg du sechs Joer méi spéit e Groussherzogtum gouf, ass den Dekret an d'Gesetzgebung opgeholl ginn - an ass et haut nach ëmmer.

An deem Dekret ass och eng Aufgabeverdeelung virgesinn: Op där enger Säit këmmert sech d'Kierchefabrick ëm d'Recetten an d'Ausgabe vun der Por, wëll dës keng eege juristesch Persoun ass an déi finanziell Aufgab schlicht net kann iwwerhuelen. An op där anerer Säit ass déi Gemeng, an där d’Kierch läit, fir den Ënnerhalt vun de Gebailechkeete responsabel. D'Decisiounen an der Kierchefabrick hëlt iwwregens de Kiercherot, deen an der Regel aus dem Paschtouer an dem Buergermeeschter besteet.

Trennung vu Kierch a Staat

Datt haut iwwert eng Regelung diskutéiert gëtt, déi zënter iwwer 200 Joer besteet, läit - e bësse vereinfacht gesot - um Koalitiounsprogramm vun der aktueller Regierung. Am Kader vun der méi grousser Trennung vu Kierch a Staat, déi sech d'Regierung op de Fändel geschriwwen hat, soll deen alen Dekret, an domat och d'Kierchefabricken, ofgeschaaft ginn.

Am Januar 2015 si sech d'Regierung an de Bistum eens ginn, wéi dës Ofschafung sollt ausgesinn. De Kultusminister Xavier Bettel sot deemools: "An Zukunft sollen d'Gemengen net méi obligéiert sinn, fir den Ënnerhalt vun de Kierchen opzekommen. Et gëtt en nationale Fong geschaaft, wou d'Kierchefabricken alleguer zesummegeluecht ginn. Aus deem Fong gëtt den Ënnerhalt vun de Kierche bezuelt. Dat betrëfft och de lieu de culte, an deem d'Masse gehale ginn."

Ëmsetzung an zwee Schrëtt

Dës Ukënnegunge sollten dunn an zwee verschiddene Schrëtt duerchgefouert ginn. En éischt Gesetz, dat am Mäerz d'lëscht Joer a Kraaft getrueden ass, huet dat napoleonescht Dekret modifizéiert. Zënterhier sinn d'Gemengen net méi obligéiert, e finanziellen Defizit vun de Kierchefabricken ze fëllen. Op dësem Punkt ware sech d'Acteuren nach alleguerten eens.

Den zweete Schrëtt gesäit déi integral Ofschafung vun de Kierchefabricken vir an ass d'Wuerzel vun de Streidereien. Als Syndikat vun de Kierchefabricke war de Syfel vun Ufank u vun der eegener Ofschafung net begeeschtert. Et misst een d'Kierchefabricke moderniséieren, awer net ofschafen, huet de President Serge Eberhard och dës Woch op der Assemblée générale widderholl. "Wann de Minister seet, en hätt gär d'Obligatioun vun de Gemengen eraus, dann ass en a sengem Beräich an et ass säi Recht, fir dat ze soen. Wann de Minister awer seet, d'Kierchefabricke ginn ofgeschaaft an et kennt e Fong, da mëscht den Dan Kersch sech an d'intern Affäre vun enger Relioun an", sou de Serge Eberhard.

Den aktuelle Gesetzprojet gesäit weider vir, datt d'Gemengen de Kierchen och net op fräiwëlleger Basis eng finanziell Ënnerstëtzung kënne ginn. Domat ass de Bistum net d'Accord. "Mir bléiwe bei eiser Oppositioun vum Verbuet, datt Gemengen d'Aktivitéite vum Fong an domat och den Ënnerhalt vun de Kierchen net dierfen ënnerstëtzen. Mir verstinn net, firwat d'Gemengeréit eng Kierch op hirem Gebitt net op fräiwëlleger Basis dierf ënnerstëtzen", huet de Generalvikar Leo Wagener dëse Mëttwoch virun der Press gesot.

Awer keen Accord

Fir engem Accord tëscht de Parteie méi no ze kommen, hate Bistum a Syfel ënnert sech d'lëscht Woch eng gemeinsam Positioun fonnt. Kierch a Syndikat war sech bei véier Haaptpunkten eens ginn, ënnert anerem sollten d'Kierchefabricken net ofgeschaaft, mee fusionéiert ginn. Well den Inneminister Enn Januar gesot hat, datt hien enger gemeinsamer Positioun vu Bistum a Syfel géif zoustëmmen, hätt ee kënne mengen, domat wier en Accord fonnt, deem allen dräi Parteie kéinten zoustëmmen.

Ma just e puer Deeg méi spéit huet den Dan Kersch d'Propos an der Emissioun Riicht eraus um radio 100,7 refuséiert: "Wat net méi an der Diskussioun steet, ass d'Ofschafe vun de Kierchefabricken, well dat huet de Bistum 2015 mat der Regierung ofgemaach. Déi Kierchefabricke ginn opgeléist an de Patrimoine kënnt an e Fong. Mat de Suen aus deem Fong kann d'Kierch maachen, wat se well."

An elo?

Dat ass den aktuelle Stand. Souwuel den Inneminister wéi och de Syfel réckelen net vun hire Positiounen of. Fir déi nächst Woch ass eng Entrevue tëscht dem Xavier Bettel an dem Jean-Claude Hollerech geplangt. Weder de Kultusminister nach den Äerzbëschof hu sech bis elo am Sträit zu Wuert gemellt. Ob dat awer d'Parteie méi no beienee féiert, muss sech weisen. Fir den Ament gëllt nach den Dekret vum Napoleon vu viru méi wéi 200 Joer. Wéi vill Joer do nach dobäikommen, muss sech weisen.