Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E séiere Bus fir déi Escher Grenzregioun

Mobilitéit

E séiere Bus fir déi Escher Grenzregioun

Déi zweetgréisst Stad vum Land steet virun engem urbanistesche Wandel. Nieft dem séieren Tram soll een héich performante Bus d'Minettmetropol an d'Grenzregioun ronderëm besser vernetzen.

auto_stories

2 min

Viséiert ass d'Géigend ronderëm Villerupt, Audun an Thil. Hei gëtt bis 2035 ee Bevëlkerungswuesstem vun 80 Prozent erwaart. E groussen Deel vun de Leit, déi am neie Ballungszenter wäerte wunnen, kommen op Lëtzebuerg schaffen oder och akafen, seet de Mobilitéitsminister François Bausch. Fir datt déi d'Méiglechkeet kréien och ouni Auto mobil ze dinn, gëtt elo un engem Transportmëttel geschafft, dat op d'Plaz soll passen.

Et bräicht een eppes tëschent dem Tram an dem Bus. Sou ee Modell géif een aus Metz kennen, de "Mettis":

*Dat ass e Bus deen eng héich Qualitéit huet, deen op engem eegenen Tracé fiert, deen och Bussen huet déi eng Gréisst hunn déi méi grouss ass wéi déi normal Bussen, dat heescht e läit an der Kapazitéit tëscht dem Tram an dem normale Bus. Deen huet de Virdeel natierlech, well en op engem eegenen Tracé fiert, keng Verspéidunge kritt, dat heescht en huet eng ganz Rei Virdeeler, déi den Tram och huet, well en ee Site propre huet an e kann och an engem méi héijen Takt fueren."

De Minister geet dovun aus, datt de Bus 2028 kéint rullen. Déi néideg Amenagementer solle liicht manner opwänneg sinn wéi déi vum Tram an der Stad. D'Detailer mussen nach mat de franséischen Autoritéite gekläert ginn.