D'Julie-Suzanne Bausch leet de Groupe de pilotage, deen am gaangen ass, déi nei Schoul opzebauen. Et géife vill Efforte gemaach gi, fir d'Kanner aus der EIMAB bausst der Schoul mat Lëtzebuerger Schülerinnen a Schüler ze mëschen.
D'Schoul wier "ganz kloer" e Spigel vun eiser Gesellschaft, seet d'Julie-Suzanne Bausch. Lëtzebuergesch hätt den héchsten Taux d'immigration aus allen Deeler vun der Welt, net nëmmen europäesch Immigratioun. D'Julie-Suzanne Bausch huet zouginn, datt e gewësse Risk vu "Gettoiséierung" besteet.
"Et ass en Defi, ganz sécher. Et ass en Defi, wéi et och een ass ouni d'europäesch Schoulen. Well an den aktuelle Fondamentallen, respektiv an den aktuelle Secondairen, ass och schonn déi Tendenz, datt d'Leit ënner sech déi Sprooch schwätzen, déi hinnen am beschte kënnt."
Lëtzebuerg géif dowéinst och um Programm vun der EIMAB stoen, ënnersträicht d'Julie-Suzanne Bausch:
"Vun der Primärschoul un hutt der intensiv Lëtzebuergesch, Dir hutt eigentlech méi Lëtzebuergesch an der internationaler europäescher Schoul, wéi an der Lëtzebuerger Schoul. Ebe well ee gär hätt, datt d'Lëtzebuergescht als Langue d'intégration do funktionéiert. Dir hutt dat bis S3 (dat entsprécht eiser 5ème), an duerno ass et nach ëmmer als Optioun."