Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EBU besuergt iwwert d'Onofhängegkeet vum radio 100,7

European Broadcasting Union

EBU besuergt iwwert d'Onofhängegkeet vum radio 100,7

De momentane System vun der Gouvernance an der Finanzéierung vum radio 100,7 wier net am Aklang mat den internationale best practice Standarden. Dat schreift d'EBU an engem Bréif un de Xavier Bettel.

auto_stories

2 min

Gebai vum radio 100,7

D'EBU mécht sech Suerge wéinst der Onofhängegkeet an der Gouvernance vum radio 100,7. D'European Broadcasting Union huet ënnert anerem dem amtéierende Premier Xavier Bettel de 14. Oktober een entspriechende Bréif geschéckt, esou d'EBU de 25. Oktober op hirer Internetsäit. D'Froen, déi am Zentrum vun hire Suerge stinn, goufen am Rapport Peer-Review vun EBU-Spezialiste beliicht.

"automatesch politesch ofhängeg"

D'Diskussioun iwwer de Finanzéierungsmodell an d'Nominatiounsprozedur fir d'Membere vum Verwaltungsrot wier urgent, esou d'EBU, well d'DP, d'LSAP an déi gréng den Ament a Koalitiounsverhandlunge sinn. De radio 100,7 wier automatesch politesch ofhängeg, well eleng d'Regierung déi néng Membere vum Verwaltungsrot nennt an de Budget definéiert.

De momentane System vun der Gouvernance an der Finanzéierung vun den ëffentlech-rechtleche Medie wier net am Aklang mat den internationale best practice Standarden, sou wéi si vum Conseil de l'Europe festgeluecht goufen. D'EBU wier bereet, fir zesumme mat Lëtzebuerger Experten, den aktuelle System ze moderniséieren, fir en un de Standarden an de best practice-Prinzipien z'adaptéieren. D'Onofhängegkeet vun de Medie wier fundamental fir de gudde Fonctionnement vun der Demokratie, esou nach d'EBU an hirem Bréif.

Xavier Bettel: "Ech schléissen näischt aus"

De Formateur, Premier- a Medie-Minister Xavier Bettel seet, hie wéilt sech no de Koalitiounsverhandlunge mam Personal vum radio 100,7 a mat der zoustänneger Chamberkommissioun zesumme sëtzen. Dat huet hien haut ugekënnegt.

Hie géif näischt ausschléissen, wat d'Form an d'Direktioun vum Radio ugeet. An hie géif hannert dem radio 100,7 stoen, huet den DP-Politiker um Bord vun de Koalitiounsgespréicher am Ausseministère ënnerstrach. Doriwwer soll een "à tête reposée" schwätzen. Hien hätt dem Radio och déi budgetär Méiglechkeete ginn, fir sech z'entwéckelen. "Ech hätt gären e radio 100,7, deen och funktionéiert an do soll een iwwer alles diskutéiere kënnen", esou de Xavier Bettel.

Reaktioun Xavier Bettelplay_arrow


D'EBU ass d'Unioun vun den ëffentlech-rechtleche Medien an Europa, dorënner Radio France, d'BBC an d'ARD.