Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ECDC: Weider Impfdosis fir breet Populatioun "net dréngend néideg"

BOOSTER-IMPFUNG

ECDC: Weider Impfdosis fir breet Populatioun "net dréngend néideg"

D'Europäesch Gesondheetsagence ECDC kënnt zur Conclusioun, datt d'Opfrëschung vun der Covid-Impfung den Ament "net dréngend néideg" wier. Et géife weider Donnéeën gebraucht ginn, ier ee kéint tranchéieren. Zu Lëtzebuerg waart d'Regierung op den Avis vu Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI), ier eng Decisioun doriwwer geholl gëtt, ob a wéini eng Covid-Impfung muss opgefrëscht ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Eng sou genannte Booster-Dosis, also eng weider Impfdosis fir Persounen, déi scho komplett geimpft sinn, gëtt den Ament just fir besonnesch immunschwaach Leit geroden. Eng Recommandatioun, déi Lëtzebuerg schonn zanter Juli esou ëmsetzt.

Dem neiste Rapport vun der Europäescher Gesondheetsagence ECDC no kéint een och consideréieren, méi fragillen eelere Leit, déi an engem Fleegeheem liewen, eng weider Dosis ze ginn. Eng allgemeng Opfrëschung bei voll Geimpfte wier den Ament awer net dréngend noutwenneg.

Impfunge brénge scho vill Schutz

D'ECDC erënnert drun, datt aus der Perspektiv vun der Santé public d'Zil vun der Impfstrategie dora besteet, schwéier Krankheetsfäll ze verhënneren. Dofir sollt och d'Effikassitéit vum Vaccin géint schro Erkrankungen als de wichtegste Krittär gëllen, wann et drëms geet, ze tranchéieren, ob d'Covid-Impfung muss opgefrëscht ginn.

D'Donnéeë géife weisen, datt effektiv all d'Vaccinen, déi vun der EMA fir d'EU zougelooss goufen, eng héich Protektioun géint eng Hospitalisatioun, ee schwéiere Verlaf oder awer d'Stierwen un der Krankheet bidden.

ECDC wëllt nach ofwaarden

Fir ze wëssen ob a wéini genee eng weider Dosis néideg ass, misst ee weider Etüden iwwer d'Effikassitéit vum Vaccin an der allgemenger Populatioun an de spezifesche Gruppen ofwaarden. Et misst een och d''Vir- an d'Nodeeler genee ofweien.

D'ECDC weist schonn emol op een Nodeel hin: vill Länner baussent der EU hu nach ëmmer Krämpes, genuch Vaccin ze kréien. Dat kéint nach méi schlëmm ginn, wann elo an der EU Booster-Dosissen un déi breet Populatioun verdeelt ginn.

Prinzipiell hätt d'EU dofir genuch Vaccinen, sot gëscht de Spriecher vun der Kommissioun. Eleng bei Pfizer/BioNTech goufe weider 1,8 Milliarden Dosisse bestallt. Och mat Moderna ass ee Kontrakt iwwer 150 Milliounen Dosissen ënnerschriwwe ginn. "Mir hunn déi néideg Mesure geholl, fir prett ze sinn", sou de Stefan de Keersmaecker.