Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech berode léiwer d'Regierung wéi meng Partei"

Euranet Plus Summit 2019

"Ech berode léiwer d'Regierung wéi meng Partei"

Hien hätt bis zum Schluss wëllen e fräien EU-Kommissiounspresident sinn an dowéinst hätt hie fréi gesot, datt hie keen zweet Mandat an der Kommissioun ustrieft, esou de Jean-Claude Juncker.

auto_stories

2 min

Hien hätt d'Memberstaaten ëmmer op Distanz gehal an dowéinst wiere méi Länner dogéint, datt hie géif viru fueren. Hie wier houfreg op seng Roll an Europa: Alles an allem wier hie frou EU-Kommissiounspresident ginn ze sinn, och wann hie Spaass gehat hätt mat der Presidence vum EU-Conseil. Ee Posten, deen 2014 un de Pol Donald Tusk gaangen ass.

Kee Retour op Lëtzebuerg

An d'Lëtzebuerger Politik wëllt de Jean-Claude Juncker eegenen Aussoen no net zeréck: "Dat ass elo bëssen arrogant, mee wann ee bis Bëschof war geet een net als Paschtouer zeréck". Hie wier gär Premier bliwwen: Et wier säin Dram gewiescht Staatsminister ze sinn.

Hie hätt es sat 17 Stonnen den Dag ze schaffen, och wann hien nach ëmmer a Form wier. No sengem Mandat kann de Jean-Claude Juncker sech virstellen, d'Lëtzebuerger Regierung ze beroden. Lëtzebuerger an Europa missten zesummen halen an hien hätt korrekt frëndschaftlech Bezéiunge mam liberale Premier Xavier Bettel: "Ech berode léiwer d'Regierung wéi meng Partei".

D'Zäit no der Politik

No sengem Mandat, dat nom Summer op en Enn geet, wëllt de Jean-Claude Juncker seng europäesch Memoirë schreiwen. Iwwer Lëtzebuerg géif hie eréischt a 15 Joer schreiwen. Da géif et deenen net méi sou wéi doen, déi hie wéilt beschreiwen.

Am Hierscht muss de Jean-Claude Juncker als Zeien am Geheimdéngschtprozess aussoen. Datt de Prozess 2017 ofgesot gouf, wier net seng Schold. Hie wier ëmmer bereet gewiescht auszesoen, mee bei der Fixéierung vun de Geriichtsseancë wier hien Affer gi vun enger Feelinformatioun vum Parquet.


Um Euranet Plus Summit 2019 huet de Jean-Claude Juncker och op Froe vun Euranet Plus-Journaliste geäntwert:


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.