Maurice Antony: Wat versteet een ënner enger humanitärer Katastroph?
Frédéric Haupert: D'Definitioun vun enger humanitärer Katastroph ass heefeg vag, woubäi et fir eis wichteg ass, datt mir selwer e Besoin an en Handlungsbedarf feststelle fir dann do ze hëllefen an dat och kënne maachen.
Kënnt Dir kuerz en Iwwerbléck iwwer déi humanitär Krise weltwäit ginn an eventuell och op Beispiller, déi Iech éischter um Häerz leien, agoen?
Ma wa mir d'Joer 2018 huelen, kann een elo scho feststellen, datt nach ni an der Geschicht esou vill Leit humanitär Hëllef gebraucht hunn, wéi elo. Mir haten dat lescht Joer 135 Millioune Mënschen, déi dréngend op Hëllef ugewise waren. Vun deenen 135 Milliounen hunn 98 Milliounen och tatsächlech - net all déi Hëllef - mee eng Hëllef kritt a wann een do dann déi Situatioun méi genee kuckt, kann ee feststellen, datt ee ganz groussen Deel vun den humanitäre Katastrophe mat Konfliktsituatiounen ze dinn haten, an den zweete Volet ganz sécher mat dem Kontext vum Klimawandel, vun Dürren, vun Iwwerschwemmungen a mat enger gradueller Verschlechterung vun der Ernärungssituatioun.
Gesitt Dir dann elo och positiv Entwécklungen an entspriechende Gebitter wéi dem Jemen, Syrien, ... ?
Ganz éierlech, ech gesi fir de Moment keng positiv Entwécklung. Mir hu gesinn, datt ee Waffestëllstand am Jemen zum Beispill zu Hudaida konnt ausgehandelt ginn. Dat ass ee klenge positive Punkt an enger laanger Kette vun negativen Ereegnesser. Mir hunn iwwer d'Joer 2018 gesinn, wéi d'Mënscherechter mat Féiss getrëppelt goufen, wéi een an all deene Konfliktsituatioune geschwächt gouf. Wéi d'humanitär Situatioun vun de Mënschen, d'Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounen ëmmer méi a Gefor koum. Dat ass déi eng Säit. Op där anerer Säit gesi mir iwwerall op der Welt, datt den Impakt vum Klimawandel, virun allem op déi äermst Populatiounen, ëmmer méi schro gëtt. An dat sinn déi grouss Entwécklungen, déi mir gesinn. Mir mussen nees dem multilateralen an internationale System zu Gewiicht an enger Stëmm verhëllefen, fir datt d'UNO an aner Institutiounen nees d'Méiglechkeet hunn, d'Mënscherechter an internationaalt Recht duerchzesetzen.
Dir huelt an deem Kontext och d'Politik an d'Verantwortung, Stéchwuert Bolsonaro, Trump an Erdogan. Wéi schwéier gesitt Dir Är Aarbecht, respektiv d'Aarbecht insgesamt, fir humanitär Krisen ze bewältegen, mam Hannergrond vun enger erschwéierter a méi polemescher politescher Landschaft?
Ech denken, wat ee ganz allgemeng ka soen, ass, datt ONGe sech engem Phenomen géintiwwer gesinn, wat sech "shrinking space" nennt. Dat ass e Wuert dat ausdréckt, datt mir ëmmer manner Plaz hu fir eis Aarbecht e maachen. Wann national Politiken deem entgéint steet, datt mir solidaresch mat deene Mënsche sinn, déi eis Hëllef brauchen, da mécht dat eis Aarbecht ganz schwéier.