Radioen

On air

Tockcity  |  Monster Rally - Adventure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hu meng Aarbecht gemaach"

Aarbechtsrecht

"Ech hu meng Aarbecht gemaach"

"Ech hu meng Aarbecht gemaach", seet den Aarbechtsminister Dan Kersch. Haut Freideg géif hien de Projet de loi, duerch deen den 9. Mee als neie Feierdag soll an de Code du travail ageschriwwe gëtt, am Regierungsrot presentéieren.

auto_stories

3 min

headphones

18 min

play_arrow
Dan Kersch

Et misst ee kucken, ob dono nach Adaptatiounen um Text ze maache sinn, oder ob en direkt op den Instanzewee ka geschéckt ginn. A priori géif et awer kee Grond ginn, datt den 9. Mee net schonn dëst Joer e Feierdag kéint sinn, sou den Dan Kersch. D'Neierung vum 26. Congésdag géif a priori just Leit mam gesetzleche Minimalcongé betreffen. Leit, déi haut scho méi fräi Deeg hunn, kéinten net automatesch dovun ausgoen, datt och si en Dag bäikréien.

Ännerunge beim Congé an u Modalitéite fir Recht op Chômage-Indemnitéit

Den Dan Kersch geet awer dovun aus, datt d'Eropsetze vum Minimalcongé Auswierkungen op déi nächst Kollektivvertragsverhandlunge wäert hunn: souwuel d'Patronat, wéi och d'Gewerkschaften hätten dat esou matgedeelt. "Et ass evident, datt d'Gewerkschafte genee an déi do Richtung iwwerleeën: Wann am Kollektivvertrag steet: Minimalcongé plus X, dann ass et evident, datt och deen Dag direkt misst dobäi kommen."

Et wier un de Sozialpartner fir dëse Punkt am Dialog ënnerteneen ze klären, d'Regierung géif sech do net amëschen.

An Zukunft solle Leit, déi vu sech aus kënnegen, ënner gewësse Konditiounen e Recht op eng Chômage-Indemnitéit kréien. All Mënsch kéint a sengem Liewen eng Kéier eng falsch Job-Decisioun huelen. Fir de betraffene Leit en Jobwiessel méi liicht ze maachen, solle si an Zukunft Urecht op eng Chômage-Indemnitéit kréien, fir eng nei Ausbildung ze maachen oder sech op eng aner Plaz kënne virzebereeden.

Grondstee fir Vëlodrom Ufank 2020

Den Dan Kersch geet "ganz staark" dovun aus, datt hien dee Sportsminister wäert sinn, deen de Grondsteen vum Vëlodrom zu Munneref leet. Zweemol schonn hätt hie mat Vertrieder vun der Munnerefer Gemeng zesummegesiess an do confirméiert kritt, datt d'Prozedure lancéiert gi fir d'Terraine fir deen Zweck ze reservéieren.

De Munnerefer Buergermeeschter Steve Reckel confirméiert déi Ausso am 100,7-Interview. A Saache PAG hätt d'Gemeng hir Hausaufgabe scho gemaach, elo misst si nach de PAP ausschaffen. Parallel dozou géif den Architekt - dee jo schonn iwwer Concours erausgesicht gouf - déi konkret Baupläng zeechnen. An zwielef Méint kéint et also lassgoen. Et gëtt mat enger Bauzäit vu knapp véier Joer gerechent, sou datt de Vëlodrom Enn 2023 kéint fäerdeg sinn.

"Eng nei Finanzgestioun fir d'Coque"

An Zesummenhang mat enger Sportsinfrastruktur, déi scho steet: der Coque, huet den Dan Kersch dat bekräftegt, wat am Koalitiounsaccord steet. Nämlech, datt et eng Noutwendegkeet gëtt fir d'Coque, sech nees op hir primär Missioun am Interessi vum nationale Sport ze konzentréieren an net ze vill kommerziell ze denken.

Wann een de Regierungsprogramm an deem Punkt wéilt ëmsetzen, da misst ee konsequenterweis och eng nei Finanzgestioun fir d'Coque op de Wee bréngen. Hie wier iwwerzeegt, datt hien zesumme mat de Verantwortleche vun der Coque nach flott Iddien entwéckele kéint.