D'USA wieren ee Rechtsstaat, wou et eng Verfassung a Gesetzer ginn, déi jiddweree misst anhalen, ënnersträicht de Chefdiplomat vu Lëtzebuerg. Dat géif och fir de President gëllen.
De Gouverneur vu Pennsylvania hätt an engem Tweet geschriwwen, datt all Vott, deen am Delai ofginn ass, och gezielt géif ginn. "Dat huet mech berouegt", esou de Jean Asselborn. "Et muss een ofwaarden, bis d'Stëmmen alleguerte gezielt sinn an d'Resultat do ass, an dann zitt een d'Conclusioun."
Den Donald Trump kéint a senger Euphorie zwar esou Aussoe maachen, mee éier datt hie bei d'Supreme Court géif goen, misst hien als éischt bei den eenzele Geriicht an de Bundesstaate goen. "Ech hu Vertrauen an de Rechtsstaat Amerika", esou de Jean Asselborn.