Radioen

On air

Notturno  |  James Brown - Get Up Offa That Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hunn all Dag probéiert, ob d'Dier géif opgoen"

Corona-Kris

"Ech hunn all Dag probéiert, ob d'Dier géif opgoen"

"Ech hunn all Dag probéiert, ob d'Dier géif opgoen, a se ass net opgaangen", esou den 90 Joer alen Norbert Schroeder, deen de Confinement am Fleegeheem materlieft huet. De 15. Mäerz hat d'Regierung decidéiert, datt keng Visitte méi an den Alters- a Fleegeheemer méi erlaabt sinn. Mëttlerweil fänken awer och d'Heemer lues a lues mam Deconfinement un. Eng Erliichterung, well et schéngt, wéi wann den Austausch mat de Matmënschen den ale Leit an hire Famillen am Meeschte gefeelt huet.

auto_stories

5 min

Den Norbert Schroeder ass 90 Joer al an um Houwald am Fleegeheem

De Robert Goerens ass Ingenieur, huet 91 Joer an ass an der Stad an der Pensioun. Wéi de Lockdown ugaangen ass, wier dat eng ganz schwéier Zäit gewiescht, zielt hien. "Wann een agespaart ass an der Kummer an net dierf eraus, dann ass et wéi am Prisong. An do hunn ech ganz laang gekämpft, all déi Feierdeeg ouni d'Kanner, do war ech depriméiert."

Fir eng Routine ze kréien hätt de Robert Goerens sech ee Programm fir 24 Stonne gemaach.

"Owes hunn ech ugefaangen Tëlee ze kucke bis zéng Auer. Da schléifs de bis moies sechs, dann hues de aacht Stonne geschlof. An du sinn ech opgestanen an dunn hunn ech Kaffi gedronk, SMSe geschriwwen un d'Famill a mat menger Schwëster telefonéiert. An du gouf et z'iessen an der Kummer."

Vun engem Dag op deen aneren

Och fir den 90 Joer ale Norbert Schroeder, deen um Houwald am Fleegeheem ass, huet sech de Confinement, dee viru gutt dräi Méint vun engem Dag op deen aneren ugefaangen huet, ugefillt wéi eng kal Dusch:

"Ech sinn all Dag mam Auto meng Zeitung kafe gaangen. An du vun engem Dag op deen aneren net méi virun Dier, och net méi an de Park a just nach am klengen Haff. Do si mir ronderëm gaange wei de Bier an engem Keefeg. Ech hunn all Dag probéiert, ob d'Dier net géif opgoen. A se ass ni opgaangen."

Fir déi Leit, déi net méi sou gutt op de Bee sinn, hätt de Confinement nach méi schlëmm Auswierkunge gehat, erkläert den Norbert Schroeder um Beispill vu senger Nopesch, déi bettlägereg ass. Hire Jong wier all Dag no hir kucken komm, mee wéinst dem Confinement wier dat net méi méiglech gewiescht. "An dat ass fir si ganz uerg", zielt den Norbert Schroeder.

Psychesch a physesch Aschränkungen

Niewent dem psychologeschem Impakt hat de Confinement an den Alters- a Fleegeheemer och ee physeschen Impakt. Souwuel Kinéen, Therapeute wéi och d'Dokteren hate kee liichten Accès méi an d'Haiser an och Traitementer an de Klinicke waren net méi méiglech, ouni datt de Patient herno huet missen op d'mannst eng Woch a Quarantän goen.

Dat wier ganz haart gewiescht, an déi Leit, déi dat matgemaach hunn, hätten dat "schlecht verkraaft", zielt den Norbert Schroeder.

Och eeler Leit hu Gefiller

Fir de Robert Goerens war dat e Grond fir seng Piqûre, déi hie fir d'Schanke brauch, net an d'Klinik maache goen ze loossen. Hien hätt duerno missten an d'Quarantän goen, "an da ginn ech agespaart, ganz agespaart", zielt hien.

De Robert Goerens ass 91 Joer al

Och déi kognitiv Fäegkeeten hätten ënner dem Lockdown gelidden, erkläert de Victor Weitzel, deem seng Mamm an der Stad gefleegt gëtt.

"Si kann net méi ënnerscheeden tëschent engem Extrait bancaire an enger Facture, an elo krut si de Courrier guer net méi, dee gouf un d'Famill geschéckt. Wat och engersäits vun Notzen ass, mee op der anerer Säit eng onheemlech Entmündegung duerstellt. An dat ass eppes, wat al Mënschen och net einfach esou verquëssen. Vill Leit mengen al Leit hätten nëmme Gefiller vu gutt a schlecht, mee d'Villschichtegkeet vu der Gefillswelt vun ale Mënsche gëtt komplett ënnerschat an esou Situatiounen."

De Kontakt mat der Famill

Zanter enger gudder Woch dierfen d'Pensionnairen an deene meeschten Institutiounen nees eraus, erkläert de Robert Goerens. Mee virdrun war et scho méiglech d'Famill ze gesi mat engem Plexiglas dertëschent, an dacks mat enger Persoun vum Personal niewendrun, déi opgepasst huet, datt kee physesche Kontakt entsteet.

Fir de Victor Weitzel géif dat géint d'Dignitéit vun den ale Leit goen. Et wier och e Manktem u Vertraue géigeniwwer de Famillen do:

"Mir hunn hei e ganz komplexe mënschleche Prozess, wou kee sech richteg traut deel-Responsabiliséierung vun de Famille méi staark eranzebréngen. Well Famille si jo awer e Partner vun den Institutiounen. An do ass e Mangel u Vertrauen."

Am allgemenge géif zu Lëtzebuerg net genuch iwwer den Ëmgang mat den ale Leit an hire Gefiller diskutéiert ginn.

Weider virsiichteg sinn

Souwuel an der Stad wéi och um Houwald hätten d'Pensionnairen d'Sécherheetsmesurë vun den Haiser acceptéiert. Et wier keng Revolt ginn, weder vun de Famillen nach vun den Awunner. D'Leit wiere frou gewiescht fir virsiichteg ze sinn, esou den Norbert Schroeder.

"Well jiddweree wousst, wéi et a Frankräich an de Maisons retraite geschitt ass. Dofir ware mir esou houfreg, wéi weder d'Pensionnairen e Virus haten an och hiert d'Personal war an der Rei. Dat war fir mech en AHA-Erliefnis."

Et wéilt een och virsiichteg bleiwen, där Meenung ass och de Robert Goerens. Hie fäert nämlech, datt nom Deconfinement et erëm zu enger "Explosioun" kënnt a méi Leit sech erëm infizéieren.

Datt net méi Infektiounen an den Alters- a Fleegeheem waren, dofir misst een éiweg dankbar sinn, do ware sech souwuel d'Familljemembere wéi och d'Awunner vun den Heemer eens.