Eng "Rei Länner" hätten hie gefrot, ob hien Interessi um Posten hätt. "Ech kann Iech awer grad esou soen, datt ech hinnen dat nämmlecht gesot hunn, wéi ech bis elo jiddwerengem gesot hunn: datt ech fir d'éischt mäi Mandat als Minister fäerdeg géif maachen, éier ech an esou Diskussioune ginn."
Falls de Posten als Direkter vun der Esa eng Optioun sollt sinn, misst dofir als éischt de Fonctionement vun der Esa reforméiert ginn, fir se méi séier a kompetitiv ze maachen. Ënner den aktuelle Konditioune wier den Etienne Schneider "sécher net interesséiert".
De Moment wier hie just vun enger Rei Länner gefrot ginn, mee "ech hunn absolut näischt esou zougesot", esou nach den Etienne Schneider.