Radioen

On air

Notturno  |  Yves Jarvis - For Props

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech mengen, datt ech mäint gemaach hätt"

Sozialwahlen 2019

"Ech mengen, datt ech mäint gemaach hätt"

Am Mäerz si Sozialwahlen: Iwwer 500.000 Salariéë sinn opgeruff déi 60 Membere vun der Salariatskammer nei ze wielen. No zéng Joer un der Spëtzt vun der CSL wëllt de Jean-Claude Reding net méi als CSL-President kandidéieren. Als Successeur kann hie sech den OGBL-President André Roeltgen gutt virstellen.

auto_stories

3 min

De 64 Joer ale Jean-Claude Reding war vun 2004 bis 2008 President vun der Privatbeamtechamber. Nom Aféiere vum Eenheetsstatut 2008 ass hie President vun der Salariatskammer ginn. Bei de Sozialwahlen am Mäerz trëtt hien am Grupp vun de Pensionéierten un, an da wier et Usus net méi als President ze kandidéieren.

D'Chambre des Salariés sollt haaptsächlech déi Aktiv vertrieden, mengt de Jean-Claude Reding. De Choix, net méi als President ze kandidéieren, wier him "eigentlech net" schwéier gefall. "Ech hu meng Pensioun geholl an ech fannen, datt dann de Moment ass, fir méi lues ze maache mat Saachen an aner Leit de Virtrëtt ze loossen, fir datt och méi jonk Leit déi Aufgabe kënnen iwwerhuelen."

Den André Roeltgen als méiglechen Nofolger

Vun 2004 bis 2014 war de Jean-Claude Reding zugläich President vum Onofhängege Gewerkschaftsbond. An och no de Sozialwahlen am Mäerz kéinten OGBL- an CSL-Presidence nees a Personalunioun besat sinn, nämlech vum 59 Joer alen André Roeltgen. Virausgesat den OGBL behält seng Majoritéit an der CSL an den OGBL-President huet och ee gutt perséinlecht Wahlresultat. De Concernéierte wollt déi Informatioun net kommentéieren.

Fir de Jean-Claude Reding wier dat ee gudde Zeenario: "Ech mengen, datt den André Roeltgen ee gudde Kandidat wier. Hien ass Kandidat bei de Wahlen. Hien ass haut och schonn am Comité a jo och gewielt ginn d'leschte Kéier." Et misst een awer ëmmer kucken, ob een erëm gewielt géif ginn, esou de Jean-Claude Reding.

De Bilan vun de leschte fënnef Joer

Zanter de leschte Sozialwahlen hätt d'Salariatskammer weider dru geschafft, fir d'Gewerkschaften an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen, betount de Jean-Claude Reding. Hien erënnert un déi ganz Ausernanersetzung ronderëm den Zukunftspak, déi d'Salariatskammer "Spuerpak" genannt hat. Et wier der Salariatskammer gelongen, dat "an dat richteg Liicht" kënne réckelen an och änneren.

Zum Bilan vun de leschte fënnef Joer gehéiert fir den CSL-President och, datt d'Salariatskammer an een neie Siège geplënnert ass, an datt d'Offer vu Formatiounen ausgebaut gouf, souwuel fir Salariéen, Leit, déi eng Aarbecht sichen, wéi och fir Pensionéierter. Weider hätt d'CSL zesumme mat der Asti an aneren Associatioune gehollef fir Migranten, déi eng Formatioun gebraucht hunn, "an den Asylanten, déi an d'Land komm sinn."

Defie vun den nächste fënnef Joer

Als Erausfuerderunge fir déi nächst fënnef Joer gesäit de Jean-Claude Reding, fir d'Wëssen, dat d'Salariatskammer produzéiert, besser an déi ëffentlech Debatten anzebréngen. Eventuell iwwer d'Schafe vun enger Zort "Think Tank". Bis ewell hätt een dat nach net mat enger Fondatioun gemaach. "Mee mir stelle fest, datt esou Saache besser ukommen. Dann ass et vläicht un der Zäit, datt d'Chambre des Salariés sech iwwerleet, ob se dann och esou eng Struktur mat deene Mëttelen, déi se huet, op d'Weeër setzt, fir dann an den Debat anzegräifen."

Een aneren Defi wier et fir de Wahlsystem ze moderniséieren. D'Bréifwahl kéint eventuell duerch een elektronesche Vott ersat ginn. An d'Opdeelung an d'Gewiichtung vun de Beruffsgruppe kéint besser un déi haiteg Realitéit an der Beruffswelt ugepasst ginn, esou de Jean-Claude Reding.