Radioen

On air

Notturno  |  Junior Boys - Waiting Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech mengen net, datt Lëtzebuerg wäert an d'Laberente kommen"

Staatsfinanzen

"Ech mengen net, datt Lëtzebuerg wäert an d'Laberente kommen"

Nom historesche Budgetsdefizit vum leschte Joer, wier elo mat enger Verbesserung ze rechnen, mengt den CNFP-President Marc Wagener. De weidere Verlaf vun der Pandemie géif dobäi natierlech eng Roll spillen.

auto_stories

2 min

Déi Lëtzebuerger Staatsfinanze wäerte wéinst der Corona-Kris net an d'Laberente kommen, mengt de President vum Conseil National des Finances Publics. Nom historesche Budgetsdefizit vum leschte Joer, wier fir dëst Joer scho mat enger staarker Verbesserung ze rechnen. Natierlech wier dat och vum weidere Verlaf vun der Pandemie ofhängeg, betount de Marc Wagener: Mee déi aktuell Wirtschaftsprognose wieren éischter positiv.

Wéi laang sinn d'EU-Virschrëften ausser Kraaft?

Am Moment sinn déi europäesch Reegelen, déi fir déi national Budgetspolitik gëllen, ausser Kraaft gesat. Nach ass net kloer, wéi laang dat esou bleift, erkläert de Marc Wagener:

"D'Fro ass eben déi, a wéi engem Rhythmus, wéi schnell, kann een do erëm erauskommen? A wéi laang seet d'Europäesch Unioun - well et ass si, déi seet mir hunn an der ganzer EU eng Rezessioun - déi Budgetsreegele gräifen am Moment net? An et ass och un der Europäescher Unioun - dat wäert se elo am Februar, Mäerz virsiichteg maachen - fir Faarf ze bekennen, wéi laang déi exzeptionell Klausel vun der Rezessioun nach soll undaueren a vu wéini un nees déi Ziler solle respektéiert ginn."

Natierlech dierft do net virgeschriwwe ginn, datt een abrupt vun engem Defizit vu fënnef Prozent op een Iwwerschoss vun 0,5 Prozent misst kommen, esou nach de Marc Wagener: "Do gëtt warscheinlech eng Trajectoire gemaach, do wäerten et Iwwergangsreegele ginn, sou datt een ouni d'Wirtschaft ofzewiergen, deen Equiliber nees kann hierstellen."

Strukturellen Defi: Pensiounen

Ee méi laangfristegen a strukturellen Defi fir d'Staatsfinanze wier déi finanziell Laascht vun de Pensiounen, huet de Marc Wagener nach betount.

De Conseil National des Finances Publics huet als onofhängegt Gremium d'Aufgab déi ëffentlech Finanzen ze evaluéieren. Op wéi vill Suen de Staat verzicht, well e mat Abattementen oder Deductioune Steiervirdeeler accordéiert, ass net genau bekannt. Et wier effektiv wichteg, och dat am A ze behalen:

"Wann ee kuckt, mëttel- a laangfristeg, wou kann ee spueren, wou kann ee méi eran huelen, ouni nei Verzerrungen an d'Wirtschaft an an dat Soziaalt ze bréngen, da kann ee Mol kucken: déi Suen, op déi ech do verzichten, do hat ech iergendwann emol ee Grond dat ze decidéieren: ass dee Grond nach ëmmer do? Mee dat ass ee Choix politique."

Déi sougenannt "Dépenses fiscales" wieren awer net deen eenzege Facteur, deen eng Evaluatioun vum Staatsbudget schwiereg mécht, erkläert de Marc Wagener. D'Lëtzebuerger Ekonomie wier kleng, oppen an doduerch immens volatil - dowéinst géife Prognosen dacks net der Realitéit entspriechen.