De liberale Politiker an Dokter huet dernieft awer och d'CSV kritiséiert, well si sech an der Oppositioun net nei opgestallt hätt a well si mat enger paternalistescher Attitüde an d'Wahle géif goen. De Alexander Krieps huet e generell positive Bilan vu der aktueller Regierung gezunn, woubäi een awer an der Gesondheetspolitik net wäit genuch gaange wier.
Verdéngscht vun Direkteren: Skandaléis
D'Fleegeversécherung géif mëttlerweil 700 Milliounen Euro d'Joer kaschten, an den DP-Politiker fënnt et skandaléis, datt d'Direktere vun deene Reseaue méi wéi 30.000 Euro de Mount géife verdéngen. Do géifen nach véier Sousdirekteren dobäikommen. "Dat si pur ëffentlech Gelder. Ech wier frou, wann d'Cour des comptes deen Dossier mol géif an d'Hand huelen", esou den Alexander Krieps.
Weider seet den DP-Deputéierten, datt een d'Struktur vun den Aides à domicile misst vun de Soins à domicile misst trennen, dat wier déi logesch Konsequenz. "Ech gesinn net an, datt an deene Reseauen d'Botzfra op iwwer 50 Euro d'Stonn facturéiert gëtt."
Spideeler: Verbesserungen néideg
De Spidolsplang géif zu engem groussen Deel d'DP-Handschrëft droen, an do wieren nach Saachen, déi misste verbessert ginn:
"Dir maacht keng Reform vun der Medezin ouni d'Dokteren. Dat ass e fundamentale Punkt deen ech Iech soen. An der Sécurité sociale, dat koum och déi leschten Deeg erëm op, dat stoung am Regierungsprogramm, do ass guer näischt gemaach ginn, also et hätt kënne vill méi gemaach ginn."
Et wiere vill Annonce gemaach, awer wéineg duerchgesat ginn. "An de leschte Skandal ass d'Zesummeleeë vun der Psychiatrie mam Hôpital général zu Ettelbréck. Dat ass e Skandal.", esou den Alexander Krieps.
Den Akzent op d'Lëtzebuerger Sprooch an Identitéit an der Wahlcampagne vun der DP a vun anere Parteien, gesäit den Alexander Krieps net als Zeeche vun engem nationalistesche Ruck no riets bei der DP. Déi vill Diskussiounen iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch wieren, dem Alexander Krieps no, just "en Trend", deen erëm géif eriwwer goen. De 72 Joer ale liberale Politiker geet net méi mat an déi nächste Wahlen.