Radioen

On air

Notturno  |  Homegrown Syndrome - Got The Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech sinn erëm voll motivéiert"

Fussball

"Ech sinn erëm voll motivéiert"

De Lëtzebuerger Fussballtrainer Jeff Saibene huet en neien Job: hien iwwerhëlt den FC Ingolstadt, huet do e Kontrakt fir zwee Joer ënnerschriwwen. Ingolstadt ass um Enn vun der leschter Saison aus der 2. däitscher Bundesliga an déi drëtt gefall. De Jeff Saibene war am Dezember zejoert zu Bielefeld entlooss ginn. De Maurice Molitor huet sech mat him ënnerhalen.

auto_stories

3 min

Maurice Molitor: Freet Dir Iech op déi nei Erausfuerderung beim FC Ingolstadt?

Jeff Saibene: Jo dat op jiddefalls. No sechs Méint, wou ech mech gutt konnt erhuelen, wou ech vill mat menger Famill war a sou gesi sinn ech erëm voll motivéiert an ech freeë mech drop, datt et lass geet.

Den FC Ingolstadt ass en ambitionéierte Veräin, deen u sech net domat gerechent hat d'nächst Saison an der drëtter Liga ze spillen. Ass et d'Zil direkt erëm opzesteigen?

Jo, et ass ëmmer geféierlech wann ee vun Ufank u seet et wéilt een opsteigen. Dat hate si d'lescht Joer och gesot, also si wollten onbedéngt an déi éischt Liga klammen, haten och immens vill investéiert, vill Spiller kaf, bon herno si se erausgefall. Sou gesi muss een ëmmer oppassen, wat ee seet.

Et ass awer kloer, datt mir Ambitiounen hu fir vir matzespillen, mee ech denke wéi d'Trainer esou soen: huele mir ee Match nom aneren, kucke mir wéi et geet. Et ass awer kloer, mat deene Moyene wou de Club huet, datt mir wëlle vir mat dobäi sinn.

Ass elo e gudde Moment fir anzeklammen och wann et drëms geet fir Transferte matzebestëmmen?

Dat och. Ech mengen, datt et e gudde Moment ass well et komplett nei Strukture ginn am Veräin: En neie Sportchef mam Michael Henke, deen och ëmmer Co-Trainer war vum Ottmar Hitzfeld während zéng Joer, deen elo fir d'éischte Kéier Sportchef ass. Et ass och fir hien eppes Neits. Et kënnt en neien Trainer, et kënnt en neie Co-Trainer, dat heescht et si komplett nei Strukturen an ech fannen dat flott a gutt fir nei bei Null unzefänken.

Soss: D'Moyene vum Veräin och wat d'Trainingsbedéngungen ubelaangt, dat ass wierklech Bundesliga-Niveau. Ech war dohinner kucken d'lescht Woch an et ass phenomenal an ech freeë mech drop ënner sou Bedingungen ze trainéieren.

Déi drëtt Liga, wann ee sech Equippen ukuckt déi do spillen, ass och net oninteressant vun der Zesummesetzung, do ass ganz vill Traditioun dran.

Dat stëmmt. Et si vill grouss Veräiner wéi Kaiserslautern, Braunschweig, Duisburg, Magdeburg oder Oedingen dobäi, dat ass kloer. D'lescht Joer war et eng Moyenne vun 13.000-14.000 Spectateuren an der drëtter Liga. Dat ass scho spannend.

Et ass kloer, datt een ëmmer d'Zil huet déi éischt oder zweet Liga, mee bon, wann een an der drëtter Liga spillt dann denken ech, datt elo de Moment ass, well et wierklech interessant ass a well Ingolstadt wierklech e Club ass, dee virun dräi Joer nach an der éischter Liga war. Si hunn och déi Ambitiounen an déi Moyenen an dofir denken ech, datt dat am Moment e gudden Challenge ass.

Wéini ass Trainingsoptakt?

Méindeg de Moien an Dënschdeg si medezinesch Tester. Den éischten Training um Terrain ass nächste Mëttwoch de Moien.

An d'Saison gëtt gestart ...

... den 19. Juli.