Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Danzi - Sträichqu. Nr.5 a Si bémol Maj., Op. 6, Thema aus 'La nozze di Figaro' (Mozart) - Arioso Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech sinn net naiv!"

Beléiftsten Trainer vun der zweeter Bundesliga

"Ech sinn net naiv!"

Zënter Mäerz 2017 trainéiert de Lëtzebuerger Jeff Saibene den Zweetligist Arminia Bielefeld. Hien huet de Club erëm no vir bruecht, wat d'Fans elo an enger Ëmfro belount hunn.

auto_stories

2 min

D'lescht Saison huet Arminia Bielefeld riskéiert, aus der zweeter Bundesliga erauszefalen. Mam Jeff Saibene als Trainer si se just derlaanscht komm. Fir d'Wanterpaus elo steet de Club vum Lëtzebuerger Trainer op der siwenter Tabelleplaz. De Jeff Saibene gouf vun de Fans belount an an enger Internetëmfro zum beléiftste Coach aus der zweeter Liga gewielt.

"Ech hu schonn alles erlieft!"

De Jeff Saibene ass zënter zéng Joer Profitrainer. "Ech weess, datt d'Stëmmung séier ka kippen" - seet de Lëtzebuerger - dat geschitt, wann d'Resultater net méi stëmmen. Hie wier sech och bewosst, datt en Trainer séier ofgeléist ka ginn. Dat awer géif zum Beruff gehéieren.

Hien hofft awer, datt hie mat sengem Veräin eng roueg Saison weider ka spillen: d'Zil ass et, um Schluss vun der Saison, am éischten Drëttel vun der Tabelle ze stoen.

D'Ressourcë vum Veräin si limitéiert

"Mir musse mat deene Leit schaffen, déi do sinn, " seet de Jeff Saibene. De Veräin kéint sech keng groussaarteg Transferte leeschten. Et sinn nämlech Scholden do, déi ofgebaut musse ginn: viru Joren hat een eng Tribün gebaut, déi 20 Milliounen Euro méi kascht huet, wéi geduecht. Dorënner géif Arminia Bielefeld nach ëmmer leiden.

Jeff Saibeneplay_arrow