Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech sinn un där Aufgab interesséiert"

Koalitiounsverhandlungen

"Ech sinn un där Aufgab interesséiert"

Wann d'LSAP den nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär ka stellen, da wäert den Nicolas Schmit fir dëse Poste kandidéieren. Wann de Kommissär fir d'LSAP ass, a wa seng Partei hie freet, da wëllt den Nicolas Schmit och LSAP-Spëtzekandidate bei den "extrem wichtegen Europawahlen" d'nächst Joer ginn.

auto_stories

2 min

Den Nicolas Schmit wëll net an déi nächst Regierung. Foto: eu2015lu.eu / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv).

Well hie sech besonnesch op dës béid Aufgabe wéilt preparéieren, wéilt hien dee Moment guer net Deputéierten an der Chamber ginn. "Ech ginn net an d'Chamber just fir an d'Chamber ze goen, dat ass net mäi Stil", esou den Nicolas Schmit op d'Fro, wat hie bis bei d'Europawahlen am Mee d'nächst Joer wëlles huet ze maachen.

Europawahlen 2019: Déi wichtegst Wahlen

Wann hie sech op säin Job als Kommissär soll virbereeden an déi Wahlen esou gestalte soll, wéi hien dat wéilt, da wier dat e full-time Job, an hie kéint net nach parallel eng Aarbecht an der Chamber maachen, esou den LSAP-Politiker.

Hie géif d'Europawahlen als wierkleche Rendez-vous mat Europa ugesinn, als eng wierklech Opportunitéit fir mat de Bierger iwwer Europa ze diskutéieren. Dës Wahle géife wahrscheinlech "déi wichtegst Wahlen" ginn, an dofir wëllt den Nicolas Schmit déi Wahlen net "esou bëssen hannen erëm" féieren.

EU-Kommissioun: Eng Liewensaufgab

Bei der Fro, wéi eng Ressorten an der EU-Kommissioun hien am meeschten interesséieren, huet den Nicolas Schmit déi sozial Dimensioun ervirgestrach: "Déi sozial Froe leie mir extrem um Häerz", esou den LSAP-Politiker. Et wier awer um nächste Kommissiounspresident d'Ressorten ze verdeelen.

Den LSAP-Politiker ass zanter 2004 Minister an hie kritt a knapp engem Mount 65 Joer. Hie géif sech a Form fillen an hätt ganz staark Konviktiounen. "Dat do ass bëssen eng Liewensaufgab an ech hu wierklech all Kraaft fir dat do duerchzezéien", esou den Nicolas Schmit.

Tess Burton géif noréckelen

"Ech sinn net méi an der nächster Regierung, ech wëll EU-Kommissär ginn", hat den Nicolas Schmit e Freideg op RTL gesot. Wann den Nicolas Schmit weder an déi nei Regierung geet, nach an d'Chamber, da wäert déi zweet-gewielten LSAP-Kandidatin am Bezierk Osten, d'Tess Burton noréckelen. Hie wéilt net doriwwer spekuléieren, ob d'Politikerin och Chancen hätt, fir Regierungsmember ze ginn, esou haut den Nicolas Schmit.


De ganzen Interview mam Nicolas Schmit:

Lauschterenplay_arrow