Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wëll Lëtzebuerger ginn"

Sproochecoursen

"Ech wëll Lëtzebuerger ginn"

Net-Lëtzebuerger, déi zënter 20 Joer am Grand-Duché wunnen, kënnen duerch dat neit Nationalitéitegesetz méi liicht déi lëtzebuergesch Nationalitéit kréien. Si mussen allerdéngs noweisen, op d'mannst 24 Stonnen an engem Cours fir Lëtzebuergesch gewiescht ze sinn an e Cours iwwer d'Zesummeliewen zu Lëtzebuerg gemaacht ze hunn. D'Tessy Steffen Koenig war an den Athenée an der Stad an huet un engem Cours, fir Lëtzebuergesch ze léieren, deelgeholl.

auto_stories

4 min

Der Manette Hein, Formatrice vun der MOIEN asbl, hir Studente wunnen all op d'mannst 20 Joer zu Lëtzebuerg an hunn d'Zil, déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien.

Wie besicht Course fir Lëtzebuergesch?

Vill Leit, déi d'Course besiche wiere Banker, Bankdirekteren, Dokteren a Juristen. D'Hallschent vun de Leit, déi géife matmaache wieren iwwer 65 Joer al, verschiddener souguer 80. Domat wier d'Altersmoyenne relativ héich. Um Ufank hätte verschiddener nach Angscht, bis elo hätt awer nach keen d'Coursen ofgebrach, seet d'Manette Hein.

Fir d'Nationalitéit ze kréien, mussen der Manette Hein hir Studenten noweisen, datt si e Cours iwwer d'Zesummeliewen hei zu Lëtzebuerg gemaach hunn an op d'mannst 24 Stonnen un engem Lëtzebuergesch Cours deelgeholl hunn. D'MOIEN asbl bitt e 36 Stonne Cours un. D'Participanten mussen also op d'mannst zu 70 Prozent vun der Zäit present gewiescht sinn.

De Geoff ass 59 Joer al an hie léiert Lëtzebuergesch aus zwee Grënn.

"Meng ganz Famill huet déi Duebel-Nationalitéit, ofgesi vu mir. Si sinn also all Lëtzebuerger a Briten. Et ass och wéinst dem Pass. Ech hätt gären zwee Päss. Ech géing nämlech gär weider an der EU schaffen, wa Groussbritannien austrëtt."

Wéi dem Geoff seng Fra d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt hätt, wier d'Demarche nach vill méi schwéier gewiescht. Fir de Geoff, dee vill a laang geschafft huet, wier dat net a Fro komm. Elo, mat deem neien Nationalitéitegesetz, dat zënter dem éischten Abrëll dëst Joer a Kraaft ass, hätt sech d'Situatioun geännert.

"Ech war net esou begeeschtert, fir de Sproochentest ze maachen. A wann ech en dann net gepackt hätt, wier dat schwiereg ginn. Elo ass et vill méi liicht."

Lëtzebuergesch schwätze mécht d'Liewe méi einfach

Méi liicht ass et virun allem, well déi Leit, déi op d'mannst 20 Joer am Land liewen an dee 24-Stonnecours noweise kënnen, kee Sproochentest méi musse maachen. Fir de Barry ass et trotzdeem wichteg, am Cours nach eppes aneschters ausser der Nationalitéit z'erreechen. Hie wéilt sech am Alldag gär kënne mat Leit verstännegen, déi Lëtzebuergesch schwätzen. Dat géing d'Liewe fir hien, a fir déi aner Leit, méi einfach maachen, mengt de Barry.

Hien iwwerleet sech och no deenen obligatoresche 24 Stonne Lëtzebuergesch, fir d'Nationalitéit ze kréien, weiderzemaachen. Hie wéilt d'Sprooch gär fléissend schwätze kënnen.

Vill Course wiere schonn ausgebucht, kuerz nodeems d'Umellunge opgemaach ginn, seet d'Manette Hein, déi dëse Cours elo fir d'drëtte Kéier hält.

"Et sinn immens vill Leit, déi wëlle Lëtzebuergesch schwätze léieren a mir kënne si wierklech net alleguerten huelen. D'Course sinn direkt voll. Natierlech kommen déi heite Leit fir déi lëtzebuergesch Nationalitéit, dat ass jo kloer. An awer wëlle si alleguer Lëtzebuergesch léieren."

Als asbl wier et net esou einfach, Raimlechkeeten ze fannen, well et dacks u finanzielle Mëttele géing feelen. Donieft wier et och schwiereg genuch, Formateuren zesummenzekréien.

Obschonns ee permanent géing siche, wier et net sou einfach, well een zum Beispill een Agreement misst hunn. Am beschte wier eng Weiderbildung op der Uni Lëtzebuerg oder dem Sproochenzentrum.

D'Sandy Morais schafft zënter 2013 als eng vun den ongeféier 20 Formatricen an der MOIEN asbl. Déi jonk Fra huet dëst Joer hire Master op der Uni Lëtzebuerg am Fach: Langues, cultures et médias: Lëtzebuerger Studien ofgeschloss. Dës Formatioun géing engem spéider immens hëllefen, fir méi speziell Fäll an Ausname vu Reegelen z'erklären.

Nieft de Sproochecourse bitt d'asbl och en Orthographiecours fir Ufänger an ee fir Avancéën un. Interessant wier, datt an deene Course souwuel Lëtzebuerger, wéi och net Lëtzebuerger deelhuelen, seet d'Sandy Morais, Formatrice vun der MOIEN asbl.

A Koppele wier et dacks wichteg, datt de Partner Lëtzebuergesch versteet a schwätze kann, fir mat der Famill an de Kanner kënne Lëtzebuergesch ze schwätzen. Allgemeng géifen awer och vill Lëtzebuerger, Lëtzebuergesch-Course besichen.

"Ech wëll Lëtzebuerger sinn"

De Clive wunnt zënter 28 Joer zu Lëtzebuerg, seng ganz Famill huet d'Nationalitéit, just hien net. D'nächst Joer soll et esou wäit sinn. Fir hie wier et elo un der Zäit, fir Lëtzebuergesch schwätzen ze léieren. Hie géing am Land wunnen a schaffen, seng Kanner géingen d'Sprooch schwätzen. Hie wéilt sech elo komplett als Lëtzebuerger fillen, seet de Clive.

D'Prunelle wunnt zënter zwee Joer zu Lëtzebuerg an ass zënter dräi Méint am Lëtzebuergesch Cours. Fir déi jonk Fra ass d'Schwätzen dat wichtegst.

D'MOEIN asbl ass vum Educatiounsministere agreéiert. All d'Coursen hunn de Qualitéitslabel a ginn och subventionéiert, esou d'Formatrice Manette Hein. Dat géing et och erlaben, d'Coursen zu soziale Präiser unzebidden.