Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wëll Rou an de Betrib bréngen"

Fonds du Logement

"Ech wëll Rou an de Betrib bréngen"

"Meng Strategie ka just doranner bestoen, fir Rou an de Fonds du Logement ze bréngen, seet de Claude Wagner. Den neie President vum Fong stellt sech hannert de General-Coordinateur Mario Schweitzer. Déi intern Problemer wäre gekläert ginn. Am Hierscht soll en neit Finanzéierungsgesetz fir de soziale Wunnengsbau prett sinn, an en neie Modell, fir mat private Promoteuren zesummenzeschaffen.

auto_stories

3 min

Zënter dem éischte Juli huet de Fonds de Logement eng nei Féierungs-Struktur. D'lescht Woch, en Donneschdeg, koum den neie Verwaltungsrot eng éischte Kéier zesummen. Den Dag drop hat RTL-Radio aus engem interne Rapport-Projet zitéiert, wou vu Mobbing a vun Dysfonctionnementer bei de Soumissioune Rieds geet.

An deem Dokument ginn de General-Coordinateur Mario Schweitzer a seng Adjointe kritiséiert. Kuerz no där Reunioun hat sech d'Tania Fernandes un der Spëtzt vum Fonds du Logement zréckgezunn.

E flexibelt Soumissiouns-Gesetz

D'Soumissiouns-Gesetz géing Grozonen zouloossen, déi awer net irregulär wären, seet de President, Claude Wagner.

"Natierlech muss ee sech u Gesetzer halen. Et ass net esou, datt een hei an der kompletter Illegalitéit war."

D'Gesetz selwer géing eng gewësse Latitüde ginn, fir am Sënn vun engem Wunnengsbau-Projet ze handelen, esou de President vum Fonds du Logement. Dësen Handlungsspillraum wier duerno als Irregularitéit duergestallt ginn.

De Mario Schweitzer wär e Mënsch, dee Saachen ëmsetzt, deem et ëm d'Exekutioun vun de Projete géing goen. De General-Coordinateur seet, hie géif d'Gesetz net à la lettre applizéieren, soss géing dat zu vill Stëllstand an de Projete féieren an de Fong géing net virukommen.

"Et schéint esou ze sinn, datt dat eng Standard-Prozedur ass, fir dat eben esou auszeleeën, fir kënnen an de Projeten net gebremst ze ginn", erkläert de Claude Wagner.

Déi Virwërf vun Irregularitéiten an och vu Mobbing hätten a Gespréicher mam Mario Schweitzer kënne gekläert ginn. Seng Virgängerin Tania Fernandes wär awer an där Affär net vum neie Verwaltungsrot gehéiert ginn.

Rou, fir ze schaffen

Ech entdecken de Betrib. Wat ech entdecken ass, datt de Fonds du Logement extrem am Fokus steet.

Et kéimen nei Leit bei, esou wéi 2015 de Mario Schweitzer. Doduerch géinge Reiwungen entstoen, seet de Claude Wagner. Dat wat Harcèlement genannt gouf an ënner Drock setzen - dat wäre Wuert-Entgleisungen, déi net OK wären. Doru misst een als Betrib schaffen.

"Hei stinn de Betrib an d'Leit ënnert engem zimlechen Drock", seet de President. An deem Fall kéint esou eppes geschéien. Deem misst een dann op de Fong goen an dorausser Konsequenzen zéien fir datt et besser leeft.

Meng Strategie kann elo just doranner bestoen, fir Rou an de Fonds du Logement ze bréngen.

2.000 Leit op der Waardelëscht

Zu Lëtzebuerg leit den Taux vu Sozialwunnenge bei 2 Prozent. "Et ass e Fakt, datt dat net duer geet", betount de Claude Wagner. Lëtzebuerg wiisst aktuell mat 13.000 neie Residenten an 20.000 neien Aarbechtsplazen d'Joer.

Déi Forschette, tëscht deenen, déi sech eng Wunneng um Maart kënne leschten, an deenen, déi sech näischt kënne leeschten, ass am gaangen auserneen ze driften

Beim Fonds du Logement stéingen 2.000 Persounen op der Waardelëscht fir eng Wunneng ze kréien - Tendenz steigend. Dobäi kéim dann nach d'Waardelëscht vun der SNHBM (Société nationale des habitations à bon marché).

Mëttlerweil ass dem Claude Wagner no och de Mëttelstand schlecht drun, fir um reguläre Marché eng Wunneng ze fannen a géing Wunnenge beim Fong oder bei der SNHBM viséieren.

Fir 2017 sinn 209 Milliounen Euro fir de Logementsministère virgesinn - keng 1,5 Prozent vum Budget. Dovunner 21 Millioune fir d'SNHBM an eng 15 Millioune fir de Fong. Dat géing fir déi grouss Projeten déi ustinn, net duer goen.

Nei Projeten

Dräi grouss Projete vu sozialem Wunnengsbau sinn aktuell geplangt: Neischmelz zu Diddeleng an d'Frichen zu Wolz fir de Fong, souwéi fir d'SNHBM de Projet Elmen.

Iwwert de Summer géing un engem Finanzéierungsgesetz geschafft ginn, bei deem all Ministère an all Administratioun, déi vun deene Projete betraff sinn, implizéiert wären. Am Hierscht soll dee Gesetzprojet deposéiert ginn. Da géing och en neie Modell presentéiert ginn, wéi an Zukunft mat private Promoteuren zesummen geschafft gëtt.