Radioen

On air

Notturno  |  Qendresa - Real Luv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychotherapie: de Claude Haagen wëll tranchéieren

Mental Gesondheet

Psychotherapie: de Claude Haagen wëll tranchéieren

Bis Enn der Woch wëll de Sozialminister Claude Haagen dem Regieurungsrot ee Reglement virleeën fir den Tarif vum Remboursement vun der Psychotherapie festzeleeën. Dat deelt säi Ministère an engem Communiqué mam Titel "Et geet elo duer" mat. De Verband vun de Psychotherpeuten an d'Gesondheetskeess waren sech och an der rezenter Mediatioun iwwer d'Tarificatioun net eens ginn. D'Fapsylux mecht dofir d'Gesondheetskeess responsabel.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Angscht vun der CNS ass et, datt de Beruff finanziell ze attraktiv kéint ginn, an datt dann Psychotherapeuten aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kéimen. Dat seet d'Catherine Richard, Presidentin vun der Fapsylux.

"Fapsylux huet Waasser an de Wäin geschott"

D'CNS wier der Fapsylux beim Tarif net entgéint komm, mee just vun 120 op 127 Euro an d'Luucht gaangen, seet d'Catherine Richard. Fir si ass a bleift eng Psychotherapie awer nach ëmmer 175 Euro wäert. Et wier een awer bereet gewiescht, Kompromësser anzegoen:

"Mir hu proposéiert, et kéint een d'Unzuel vun de Psychotherapeute begrenzen. Oder just déi zouloossen, hei mat der CNS konventionéieren, déi hei wunnen. Oder d'Unzuel vun de Seancë pro Joer begrenzen. An mir wiere bereet gewiescht, den Tarif ze akzeptéieren, de vum Office national de l'enfance fir Institutioune bezuelt gëtt fir eng Psychotherapie. De läit bei 154 Euro. Da wiere mir bëssen an der Mëtt gewiescht."

D'Fapsylux hätt vill Waasser an de Wäi geschott, mee hir Léisungsproposen hunn net deene vun der CNS entsprach. D'CNS wéilt de Beruff massiv entwäerte fir Suen ze spueren, esou de Reproche vun der Fapsylux.

"Dat grenzt un Despotismus"

Dass de Minister vun der Sécurité Sociale Claude Haagen den Tarif eegenhänneg géing decidéieren, wéi hien et och schonn am Summer annoncéiert hat, huet d'Catherine Richard um Mëttwoch Nomëtteg kritiséiert, nach ier den entspriechende Communiqué vum Ministère publizéiert ginn ass.

"Ech mengen net, datt dat einfach sou geet, datt hien déi Kompetenzen huet. Hien huet jo gesot, datt hie gegebenefalls ee Gesetz géif änneren, fir datt hien dat kéint maachen. Also fir mech grenzt dat schonn un Despotismus. Datt mir lo ee Kader imposéiert kréien, een Tarif imposéiert kréien, de wierklech entwäertend ass, a wou herno de liberale Beruff einfach ausstierft."

Dat, well ee mam proposéierten Tarif vun der CNS als selbstännege Psychotherapeut nëmmen hallef sou vill verdénge géif, wéi wann een ugestallt wier.

Wann et zu all dem kéim, da géif een als Fapsylux dogéint virgoen.