Grondsätzlech wieren déi confirméiert Infektiounsfäll awer net esou aussokräfteg, wéinst enger méiglecherweis héijer Donkelziffer vun net bekannten Infektiounen.
"Dee Chiffer, deen eigentlech méi fiabel ass, dat ass leider dee vun den hospitaliséierte Leit. Dat wier wichteg, deen ze gesinn. Do muss een awer bedenken, datt deen och nach an den nächsten Deeg wäert an d'Luucht goen - a leider dee vun de Leit déi stierwen, och nach an d'Luucht geet. Dat ass elo ze erwaarden, well et ass jo een Delai am System. Déi Leit, déi elo an d'Spidol kommen."
Vun engem epidemiologesche Standpunkt aus gesi wier sech elo ze erwaarden, datt d'Zuel vun den Hospitalisatiounen a vun den Doudegen elo géif an d'Luucht goen a lues a lues warscheinlech manner nei Fäll dobäi kommen.
Wéini d'Aschränkunge fir d'Leit an d'Betriber nees kéinten opgehuewe ginn, kéint een zu dësem Zäitpunkt nach net soen, esou de Joël Mossong vum LNS nach. Och d'Erfarungswäerter aus dem Ausland wieren do nach net kloer.