Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pink Rhythm - Melodies of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Editpress stoppt d'Wochenzeitung "Le Jeudi"

Medien

Editpress stoppt d'Wochenzeitung "Le Jeudi"

Dësen Donneschdeg kënnt déi lescht Editioun vum Jeudi eraus. De Verwaltungsrot vum Mammenhaus Editpress huet entscheet, d'Publikatioun vun der franséisch-sproocheger Wochenzeitung anzestellen. D'Fro hätt zanter engem Joer ëmmer erëm am Raum gestanen, well d'Zeitung defizitär ass, esou de Generaldirekter vun Editpress.

auto_stories

2 min

Et wéilt een d'Energie op d'Dageszeitung Tageblatt konzentréieren, esou de Jean-Lou Siweck, Generaldirekter vun Editpress. D'Tageblatt hat am Joer 2018 eng 8.500 Abonnenten, de Jeudi ronn 1.200.

Am Kontext vun engem schwéiere strukturellem Wandel fir d'geschriwwe Bezuelpress hätt de Jeudi däitlech Defiziter gemaach. Et hätt een de Verloscht vu Publicitéits-Akommes net duerch eng Hausse vun den Abonnementer kënne kompenséieren.

D'Abonnementer vum Jeudi wieren déi lescht Jore weider erofgaangen. Et hätt ganz vill Energie kascht, wann een dat nach hätt wëlle redresséieren. Déi Energie wéilt een elo op d'Tageblatt konzentréieren, an op déi aner Titren, an deenen Editpress Participatiounen huet.

Editpress huet Parten an den Dageszeitunge Quotidien an Essentiel an am Magazin Revue.

"Mat Entloossunge rechnen"

Wat déi eelef Redaktiounsmember vum Jeudi betrëfft, géif ee Sozialplang mat der Personaldelegatioun an der representativer Gewerkschaft ausgehandelt ginn. "Mir wäerte probéieren, dat verantwortlech ze maachen", esou de Jean-Lou Siweck. Et misst allerdéngs mat Entloossunge gerechent ginn.

D'Gebai vum Jeudi gehéiert Editpress, et hätt een awer keen direkte Gebrauch dofir. An den nächste Woche géif analyséiert ginn, op d'Gebai an d'Vente oder an d'Locatioun geet. D'Sue vun enger eventueller Vente géifen anerwäerts investéiert ginn.

"Mussen éierlech mat eiser selwer sinn": Interview mam Jean-Lou Siweckplay_arrow