Radioen

On air

De Weekend  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Mataarbechter rassuréieren"

Educatiounsministère

"D'Mataarbechter rassuréieren"

Nom Fall Michel Lanners wëll den Educatiounsministère senge Beamte schrëftlech versécheren, datt si sech och an Zukunft politesch kënnen engagéieren – egal a wéi enger Partei. An datt dat wënschenswäert wier.

auto_stories

2 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch

"Engagéiert Leit, déi privat Iwwerzeegungen hunn, gehéieren zum ëffentlechen Déngscht", seet de Lex Folscheid, Premier conseiller de gouvernement am Educatiounsministère. Deemno bréicht keen am Ministère Konsequenzen ze fäerten, am Fall wou hien sech politesch engagéiert. "Am Géigendeel, mir sti voll hannert hinnen an ënnerstëtzen si, wa si esou Engagementer aginn", sou de Lex Folscheid

Ënnert de ronn 500 Beschäftegten am Educatiounsministère géifen et Dosende Leit ginn, déi partei-politesch engagéiert wieren. Mat der Duerstellung am Lëtzebuerger Wort, datt de Michel Lanners als "CSV-Beamte" forcéiert gi wier ze goen, an also d'Direktioun vun der Hotelsschoul ze iwwerhuelen, ass de Lex Folscheid deemno net averstanen. "Ech mengen, datt déi do Form vu Berichterstattung kontraproduktiv ass, an an dësem Fall d'Mataarbechter veronséchere kann. Dat ass eppes wat mir op kee Fall wëllen", erkläert de Lex Folscheid.

Ee Courrier un d'Beamten

D'Thema ass am Cabinet vum Minister diskutéiert ginn, erkläert den Éischte Conseiller. D'Resultat war dobäi d'Iddi "d'Mataarbechter ze rassuréieren". Domat gemengt ass, datt de Message soll vermëttelt ginn, "datt et wënschenswäert ass, datt eis Leit sech gesellschaftlech an och politesch engagéieren". Um Méindeg ass decidéiert ginn, ee Courrier an deem Sënn un d'Beamten ze verschécken.

Dem Michel Lanners seng Kandidatur fir Direkter vun der Hotelschoul ze ginn, wier iwwerdeems net déi eenzeg gewiescht, erkläert de Lex Folscheid weider. Eng vun deenen anere Kandidature wier net eligibel gewiescht. "Et ass jo ee vun de grousse Problemer, datt ee fir den Zougank zu engem Direkteschposten eng Rei Joren an der Carrière supérieure beim Staat an der Educatioun muss geschafft hunn", sou de Lex Folscheid.

Direktioun vun der Hotelsschoul och fir Horescasecteur

Dowéinst wieren Ännerungen um Gesetz vun der Hotelschoul geplangt, fir och de Leit aus dem Horesca-Beräich den Zougank zum Direkteschposte méiglech ze maachen.

Dem Lex Folscheid no géif et nach kee konkreten Datum ginn, wéini de Michel Lanners op sengem neie Poste an der Hotelschoul zu Dikrech ufänkt, no senger wahrscheinlecher Nominatioun e Freideg am Regierungsrot.

Courrier un d'Beamten aus dem Educatiounsministèreplay_arrow