Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee fir déi ganz EU: Kommissioun proposéiert digitale Führerschäin

EU-DIREKTIVE FIR Verkéierssécherheet

Ee fir déi ganz EU: Kommissioun proposéiert digitale Führerschäin

D'EU-Kommissioun wëll d'Verkéiersreegele moderniséieren. Zu de Proposë gehéiert een digitale Führerschäin an nei Reegelen, déi besser dofir suerge sollen, datt d'Verkéiersreglementer och grenziwwergräifend agehale ginn.

auto_stories

4 min

Bréissel wëll och dofir suergen, datt EU-Bierger, déi mat hirem Auto am europäeschen Ausland ënnerwee sinn, sech méi disziplinéiert verhalen.

Zejoert si méi ewéi 20.000 Leit an der EU duerch Verkéiersaccidenter ëm d'Liewe komm. Déi meescht vun hinne waren zu Fouss, mam Vëlo oder um Motorrad ënnerwee. Fir der Visioun, bis 2050 keng Doudeger méi op den europäesche Stroossen ze hunn, méi no ze kommen, huet d'Europäesch Kommissioun ee Pak vu Mesuren op den Dësch geluecht.

Führerschäin-App um Handy

Den digitale Führerschäin, deen an der ganzer EU gëllt, soll eis d'Liewe méi einfach maachen, proposéiert d'Transport-Kommissärin Adina Valean.

"An noer Zukunft wäert Äre Führerschäin op Ärem Telefon oder engem aneren elektroneschen Apparat sinn, ausser Dir frot eng physesch Versioun, wann Dir dat léiwer hutt."

D'Virdeeler dovu wieren déi, datt alles online ka gemaach ginn an d'Prozeduren duerch esou een elektronesche Permis och fir Net-EU-Bierger:innen méi einfach ginn, fir hire nationale Schäin unerkennen ze loossen.

Jonker méi fréi fuere loossen

Jonker solle kënne vu 17 Joer un ufänken - a Begleedung - Auto ze fueren, an och deen Ament schonn déi praktesch Prüfung maachen. Wien se packt kéint dann direkt vu sengem 18. Gebuertsdag un eleng fueren. Déi Mesure soll hëllefen, der Penurie vu Chauffeuren ze begéinen, sou d'Kommissioun.

D'Proufzäit vun zwee Joer fir nei Chauffeure géif fir d'ganz EU gëllen, wat jo zu Lëtzebuerg an an enger Partie aneren EU-Länner schonn de Fall ass. Wärend dëser Zäit géif eng Promillegrenz vun Null, a net wéi am Grand Duché vun 0,2, gëllen.

D'Führerschäinsprüfung soll erweidert ginn. D'Fahrschüler:inne solle besser op nei Verkéiersmëttel ewéi Elektro-Scooter a méi Vëloe preparéiert ginn. An der Prüfung sollen an Zukunft och nei Kenntnisser ofgefrot ginn. Zum Beispill Wëssen doriwwer, wéi een Impakt de Fuerstil drop huet wéi vill Emissiounen aus dem Auspuff kommen.

Just 40 Prozent vun de Protokoller am Ausland gi bezuelt

Bréissel wëll dofir suergen, datt EU-Bierger, déi mat hirem Auto am europäeschen Ausland ënnerwee sinn, sech méi disziplinéiert verhalen. D'Zuel vun den Infraktiounen ouni Suitte géif an d'Millioune goen, sou d'EU-Kommissärin.

"Dat gëtt d'Impressioun, datt een am Ausland maache kann, wat ee wëll, well een net zur Rechenschaft gezu gëtt."

50 Prozent vun de Chauffeure ginn net identifizéiert. A vun deenen déi ugeschriwwe ginn, reagéieren der manner ewéi d'Hallschent.

Den Estimatioune vun der Kommissioun no gi just 40 Prozent vun de Protokollen, déi Net-Residenten an engem EU-Land kréien, och effektiv bezuelt. D'Kommissioun wëll den Austausch vun Informatiounen tëscht de Länner obligatoresch maachen. Ënner anerem soll all Land Zougank zu de Immatrikulatiouns-Donnéeë vun de Gefierer kréien, fir op deem Wee d'Chauffeuren ze identifizéieren.

Führerschäin ofginn: gëllt fir déi ganz EU

Kritt een am europäeschen Ausland wéinst falschem Verhalen de Führerschäin ofgeholl, soll een de Permis och net méi am Heemechtsland zeréckkréien. Et sief dann, de nationale Code la Route gesäit eng Suspensioun am nämmlechte Fall net vir.

D'Lëscht vun den Infraktiounen, déi grenziwwergräifend poursuivéiert kënne ginn, soll iwwerdeems verlängert ginn. Bis elo gëllt dat fir ze séier fueren oder Alkohol um Steier. An Zukunft sollen op der Lëscht och geféierlecht Iwwerhuelen, net déi néideg Distanz anhalen, iwwer de wäisse Stréch fueren oder awer an déi falsch Direktioun fueren a Weideres méi festgehale ginn.

Kritik: Keng Recommandatioun fir EU-wäit Tempo-Limitten

D'Propose goufen am Europaparlament positiv opgeholl - allerdéngs net nëmmen. Fir méi no bei d'Visioun vu Null Verkéiersdoudegen ze kommen, wier et néideg gewiescht, een Tempolimitt fir d'ganz EU anzeféieren, sot eis d'Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi Gréng. D'Chance, eng EU-wäit Limitatioun ze proposéieren, hätt d'Kommissioun elo verpasst.

"Mir si wierklech ganz enttäuscht, datt d'Kommissioun hei keng Recommandatioun fir eng EU-wäit Vitesse-Limitatioun gemaach huet. Wou mir wëssen, datt d'Vitesse eng vun den Haaptursaache vun den Doudegen op eise Stroossen ass. Eleng 2021 sinn 19.800 Leit op de Stroosse gestuerwen an do war d'Haaptursaach d'Vitesse, bei ronn 30 Prozent vun de Fäll."

D'Europaparlament hat sech 2021 fir een EU-Wäiten Tempolimitt ausgeschwat. Och dofir, datt soll een eenheetleche Punkte-System bei Vitesse-Infraktiounen agefouert ginn.