Radioen

On air

Notturno  |  Giovanni Di Domenico - Minum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer America First

USA, wichtegen Handelspartner fir Lëtzebuerg

Ee Joer America First

Den 20. Januar 2017 gouf den Donald Trump als 45. US-President vereedegt. Deemools huet hien a senger éischter Ried als US-President America First als säi grousst Zil genannt.

Bannent deem leschte Joer huet den Donald Trump eng ganz protektionistesch Handelspolitik gefouert, dat seet de Chefekonomist vun der Lëtzebuerger Chambre de Commerce, de Marc Wagener.

auto_stories

3 min

Den Donald Trump hätt ganz séier versicht, d'USA aus grousse multilateralen Accorden zréckzezéien, fir bilateral Accorden ze verhandelen. Dat gelt fir den transatlanteschen Handelsaccord TTIP, mat deem d'EU an d'USA sollten iwwert gemeinsam Spillregelen am Handel diskutéieren. Dat selwecht betrëfft d'TPP, déi transpazifesch Partnerschaft. Den Trump géing probéieren, déi international Handelspolitik op eng bilateral Schinn ze bréngen. Wéinst der Gréisst vun den USA kéint hien deen anere Partner an engem bilateralen Accord ausspillen. Bannent deem Joer huet de republikaneschen US-President och d'Douanestaxen op europäesch a chinesesch Produkter eropgesat. Dat géing beweisen, datt am Donald Trump senger Politik eng Dosis Protektionismus dran ass, esou de Marc Wagener.

USA sinn e wichtegen Handelspartner fir Lëtzebuerg

Souwuel bei den Importer wéi och bei den Exporter vu Lëtzebuerger Produiten an Déngschtleeschtunge sinn d'USA dee wichtegsten Handelspartner, seet de Marc Wagner. Historesch gesi wieren d'USA een immens wichtegen Investisseur zu Lëtzebuerg. Dat huet nom Zweete Weltkrich ugefaangen, wéi d'USA massiv zu Lëtzebuerg investéiert hunn.

"D'Amerikaner wollten ee Standbeen an Europa. Frankräich, Däitschland, déi grouss Länner haten hir eege Marchéen a mir waren ëmmer an der Neutralitéit. Mir hunn do immens vill amerikanescht Kapital ugezunn."

An dat wier haut am ICT-Secteur och net anescht. D'Amerikaner géife weiderhi staark zu Lëtzebuerg investéieren, Aarbechtsplaze schafen a Gidder an Déngschtleeschtungen hierstellen, déi exportéiert ginn. Fir de Grand-Duché sinn d'USA och ee wichtege Partner op der Finanzplaz a méi speziell an der Fongenindustrie. Amerikanesch Industriekonzerner hu Lëtzebuerg als Adresse fir hir Exporter gebraucht.

"Iwwert Alles wat iergendwéi d'Zukunft vum Handel menacéiert, musse mir besuergt sinn. An dat gëlt grad fir Lëtzebuerg als oppe kleng Ekonomie", esou de Marc Wagener


Nervositéit an der Steierpolitik

Et géif ee schonn eng gewëssen Nervositéit an der Steierpolitik mierken, esou de Chefekonomist vun der Chambre de Commerce. Am Handel hätt de Grand-Duché an d'EU bis elo keen TTIP, transatlanteschen Handelsaccord, gehat. Do géif et keng Konsequenze ginn. Mä an der Steierpolitik mécht ee sech Suergen iwwert déi rezent Steierpolitik vun den USA. De Besteierungssaz fir Betriber geet an den USA op 20 Prozent erof an ass méi niddreg, wéi an de meeschten EU-Memberstaaten. Wat Suerge géif maachen, wier awer virun allem d'Ausso vum Donald Trump un d'Betriber, si sollen déi Gelder a Profitter, déi si an der EU gemaacht hunn, an Amerika versteiere loossen. An engem Bréif un den us-amerikanesche Finanzminister hu sech Frankräich, Däitschland, Spuenien, Groussbritannien an Italien driwwer beschwéiert, datt d'Praxis vum Rapatriement vun de Profitter zum Deel net kompatibel wier mat Welthandelsregelen an datt dat géint Steierkonventioune verstéisst, ënnersträicht de Marc Wagener.