De Generalist vu Gonnereng hat sech an dëser Disziplinar-Prozedur musse veräntwerte wéinst ëffentlechen Aussoen, déi hien an Zesummenhang mat der Corona-Pandemie gemaach hat, a wéinst sengem Ëmgang mat de Corona-Mesuren.
An enger éischter Reaktioun huet den Dr. Ochs gesot, datt hie mat Sursis gerechent gehat hätt. Säin Affekot, de Me Christian Bock, huet ugekënnegt ganz warscheinlech an Appell wëllen ze goen.
Den Disziplinar-Conseil vum Collège Médical gouf vum President vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg Pierre Calmes presidéiert.