Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer Registre des bénéficiaires économiques

Firmeregëster

Ee Joer Registre des bénéficiaires économiques

110 000 Entitéiten hu sech ee Joer no Start vum Registre des bénéficiares économiques agedroen. Dat entsprécht tëscht 80 a 85 Prozent vun deenen, déi d'Obligatioun haten, e Beneficiaire unzeginn. Eng Lëscht vu bal 19.000 Entitéite wier un de Parquet weiderginn, déi somméiert ginn, hir Deklaratioun auszefëllen.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vun Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Op den 30. Juni vun dësem Joer hätten sech 130.000 Entitéiten, Firmen a Veräiner beim Registre des bénéficiaires économiques androen, esou den Yves Gonner, Direkter vum Regëster. 110.000 dovunner wieren och de selwechten Datum ageschriwwen. Dat wier eng Compliance rate vun 80 Prozent.

Rechent een déi Entreprisen ewech, déi a Faillite oder Liquidatioun sinn, da géif den Taux esou guer bei 85 Prozent leien, preziséiert den Yves Gonner.

Regëster gouf gebotzt

Dobäi gouf an deene leschten dräi Méint och mat den inaktive Firmen am Firmeregëster opgeraumt: also Entitéiten, déi an de leschten 10 Joer keng Depote méi gemaach hunn. Den Yves Gonner schwätzt vun 18.000 Entitéiten, déi aus dem Regëster gestrach goufen.

Iwwert déi grouss Botz eraus huet de Regëster och d'Lëscht vun deene Firmen un de Parquet ginn, déi hiren tatsächleche Proprietär trotz legaler Obligatioun nach net uginn hunn:

"Do ass och, esou wäit wéi ech informéiert sinn, eng Interventioun gemaach ginn, do si Sommatiounen erausgeschéckt ginn un all déi Betriber, datt se gebiede wieren, sech à jour ze setzen. Do ass och eng Interventioun um Niveau vun der Administration judiciaire geschitt, mat der Demande fir sech à jour ze setzen. Dat waren och eng ronn 18.000 Betriber."

Net all Entitéit huet sech agedro

Eng 1.800 Betriber hunn eng Demande gemaach, fir hire Beneficiaire net mussen unzeginn. Den RBE traitéiert déi Demanden, esou den Yves Gonner, mee et hätt een déi nach net all opgeschafft. Et wieren och eng Rei Recoursen um Tribunal, esou den Direkter vum Registre des bénéficiaires économiques.

D'lescht Joer hate sech d'ASBLen e wéineg schwéier gedoe mam Regëster. Bis Enn Juni haten elo 65 Prozent vun den 8.300 Veräiner sech agedroen. Net all Etablissement public huet dat bis lo gemaach.