arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Kavaléiersdelikt oder eng seriö Charakterschwächt?

Plagiatsaffär

|
reading time

2 min

Ee Kavaléiersdelikt oder eng seriö Charakterschwächt?

D'Reaktioun vum Xavier Bettel a senger Plagiatsaffär wier am Prinzip intelligent, esou d'Politikwëssenschaftlerin Anna-Lena Högenauer am 100,7-Interview. Duerch d'Decisioun, seng DEA-Aarbecht aus dem Joer 1999 net méi ze korrigéieren, kéint de Premier d'Debatt éischter op een Enn bréngen, esou hir Aschätzung.

reading time

2 min

play_arrow Lauschteren

De Regierungschef géif doduerch och Diskussiounen iwwer den Ëmfang vun den Nobesserunge vermeiden. Wéi vill dës Affär dem DP-Politiker Xavier Bettel awer schued, géif vun der politescher Kultur hei am Land ofhänken, analyséiert d'Wëssenschaftlerin vun der Uni Lëtzebuerg.

Hei am Land wier de Xavier Bettel a gewësser Weis een Testfall, esou d'Politikwëssenschaftlerin Anna-Lena Högenauer.

D'Oppositioun hätt sech och relativ bedeckt halen, mengt si. Hei misst een nach e bësse waarden, bis datt d'Oppositioun d'Situatioun verdaut an analyséiert huet. Et misst een och ofwaarden, wéi d'Bevëlkerung op d'Plagiatsaffär reagéiert.

Wëssenschaftlech Standarden

D'Conclusioune vun der Uni Nanzeg géife sech zum Deel mat hire Conclusioune vun Enn Oktober d'lescht Joer decken, seet d'Politikwëssenschaftlerin. D'Uni wier generéis wa se seet, datt et sech bei der DEA-Aarbecht ëm eng eegen Aarbecht géif handelen.

"An manchen Stellen begrenzt das Ausmaß des Plagiats die Originalität der Arbeit", esou d'Anna-Lena Högenauer. Grad bei der Analys géife länger Passagë virkommen, déi bal wiertlech kopéiert goufen.

Wéi d'Uni zu Nanzeg normalerweis mat Plagiatsfäll ëmgeet, wier hir net bekannt, esou d'Politikwëssenschaftlerin vun der Uni Lëtzebuerg. D'Anna-Lena Högenauer geet awer dovunner aus, datt de Xavier Bettel keen extra Fall wier, mee datt fir hien déi selwecht Reegele gëlle wéi fir aner Leit. Si geet dovunner aus, datt och aner Studenten an där Situatioun d'Méiglechkeet kritt hätten, hir Aarbecht nozebesseren.

De Xavier Bettel hat dës Woch matdeele gelooss, datt hien d'Uni géif bieden den DEA zeréck ze zéien. De Premier verzicht also op d'Méiglechkeet seng Aarbecht nozebesseren.