Coronavirus Ee Pandemieplang fir d'Gemengen

D'Gemenge si wéinst dem neiaartege Coronavirus amgaang hire Pandemieplang nei opzestellen. Am Fall vun enger Quarantän wier den Accueil vun de Schoulkanner den éischten Dag assuréiert.

Carole Schimmer / cbi

Schoul
Wat geschitt, wann eng Schoul ënner Quarantän gesat gëtt? Foto: Bigstock / msymons

De Bäitrag vum Carole Schimmer lauschteren


Wa Kanner aus enger Klass zum Beispill a Quarantän gesat ginn, da muss och ee vun den Elteren doheem beim Kand bleiwen. Dat soll mat der Sozialversécherung gekläert ginn, seet den Emile Eicher, President vum Syvicol. Prezisiounen dozou soll de Regierungsrot annoncéieren.

D'Eltere solle sou séier wéi méiglech Bescheed gesot kréien, wann et zu enger Quarantän kënnt. Deen éischten Dag wier souwisou een Accueil assuréiert vu Leit, déi den Educatiounsministère zur Verfügung stellt.

D'Inspection sanitaire ass dee Service, deen Decisiounen trëfft a verantwortlech ass fir de Suivi vun der Quarantän.

Pläng an de Gemengen nei opstellen

Zanter 15 Joer gëtt et fir d'Gemengen ee Plan pandémie, dee misst elo erëm op de Leescht geholl ginn, seet den Emile Eicher. D'Gemeng Lëtzebuerg hätt hiren neie Plang als Modell un déi aner Gemenge weidergereecht. Ee Plan de continuité misst an alle Gemengen opgestallt ginn, seet de President vum Syvicol.

Wann eng Gemeng betraff wier, da missten awer déi essentiell Servicer funktionéieren.

"Mir kënne jo net einfach de Betrib astellen an d'Leit am Ree stoe loossen. Dat muss virugoen, da muss ee sech iwwerleeën, wat fir eng Aarbechte Prioritéit hunn, ob een déi och am Télétravail ka maachen, ob déi kleng Gemengen eng där anerer kënnen hëllefen, am Fall wou se ganz betraff ass."

De Syvicol huet iwwerdeems decidéiert Kontakt opzehuele mat betraffe Regiounen am Ausland, fir vun hinnen Rotschléi ze kréien.

Méi zum Thema

Restaurant
Coronavirus

Wéinst dem neiaartege Coronavirus rechent d'Horesca mat iwwer 40 Prozent manner Ëmsaz fir de Secteur vun Hoteller, Restauranten a Caféen hei am Land. D'Annulatioune géife bei bis zu 60 Prozent leien.

Luc Frieden
Coronavirus

Duerch den neie Coronavirus wäert de Wirtschaftswuesstum hei am Land dëst Joer däitlech zeréckgoen, seet de Luc Frieden. Hie rechent mat engem Réckgang vun op d'mannst engem Prozent vum PIB.

De Präis fir de Pëtrol geet erof
Coronavirus

Um Pëtrolsmarché sinn d'Präisser haut ganz staark gefall: rieds geet vun engem Pëtrolspräis-Crash. Beim Pëtrol aus dem Nordmier a beim US-Pëtrol sinn d'Präisser ëm all Kéier ronn 30 Prozent zeréckgaangen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen