Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee positiven Test no der Impfung

Impfcampagne

Ee positiven Test no der Impfung

D'Erfarungen an den Alters- a Fleegeheemer confirméieren: Trotz Impfung kann ee weider positiv op de Coronavirus getest ginn, mee d'Impfung verhënnert normalerweis datt d'Leit schwéier krank ginn. Am Stater Alters- a Fleegeheem Pescatore sinn zum Beispill elo siwe Awunner positiv getest ginn, déi virun dräi Wochen hir zweet Impfdosis kruten. De Krankheetsverlaf ass de Responsabelen no bis ewell awer mëll. Am 100,7-Interview erkläert den Dr. Claude Muller wéi d'Impfung bei ale Leit wierkt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et misst een zwou Saachen ënnerscheeden, seet de Claude Muller. Éischtens géif net all Impfstoff d'selwecht séier Schutz bidden. Deemno géif den Impfstoff vu BioNTech/Pfizer a Moderna méi séier Schutz géint Covid19 opbauen, wéi zum Beispill dee vun AstraZeneca.

Zweetens géif och den Immunsystem vun de Leit eng Roll bei der Wierkung vum Vaccin spillen, seet de Virolog. An dee wier bei ale Leit dacks manner staark a méi lues wéi bei Jonken.

"Wann den Immunsystem gutt funktionéiert, da gesäit ee scho virun der zweeter Dosis e protektiven Effekt. A wann den Immunsystem méi schlecht funktionéiert, wéi dat bei eelere Leit ze erwaarden ass, dann dauert et méi laang."

Oder d'Leit géifen aus engem anere Grond zou deenen 10 Prozent gehéieren déi kee Schutz géint liicht Symptomer entwéckelen. Déi kéinten dann awer ëmmer nach géint méi ee schwéiere Verlaf geschützt sinn. De Schutz vun de Vaccinen ass eben net zu 100 Prozent, mee "no optimaler Dauer kënnt ee just op 90 oder 95 Prozent", esou de Claude Muller.

Deemno kéint et och no der zweeter Impfdosis nach zur Infektioune kommen. Allgemeng hätte Leit, déi déi zwou Impfdosisse kritt hunn, an awer nach positiv getest goufen, no 14 Deeg dann awer manner Symptomer an e manner schlëmme Krankheetsverlaf.

Ass een no der Infektioun ustiechend?

Onkloer wier nach ëmmer, ob geimpfte Leit déi positiv sinn nach anerer mam Coronavirus ustieche kënnen.

"Et kann een net soen: ustiechend oder net ustiechend. Et muss ee soen, wéi vill manner ustiechend ass een. An da muss een den R-Faktor kucken. Wann deen zum Beispill, an enger naiver Populatioun 3 ass, da géif ech soen, datt en no enger Impfung bei 0,1 oder 0,2 léit oder effektiv null ass."

Eng vollstänneg Analys sollt een awer an e puer Woche maachen, erkläert de Claude Muller. Dann, wann déi meeschte Leit an den Alters- a Fleegeheemer hier zwou Impfdosisse kritt hunn.