Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Schoulufank quasi ouni Aschränkungen

Belsch

Ee Schoulufank quasi ouni Aschränkungen

D'Rentrée Ufanks September soll sech an der Belsch presentiell a gréisstendeels och ouni Masken ofspillen. Dëse Freideg kéint d'Regierung déi lescht Restriktiounen ophiewen.

auto_stories

3 min

Knapps 82 Prozent vun de Belsch iwwer 18 Joer ass mëttlerweil komplett geimpft, a Flandere sinn et 88 Prozent, an der Wallonie eng 77 Prozent, zu Bréissel nëmme 60 Prozent. Als Grond fir de Retard zu Bréissel gëtt dacks déi prekär sozioekonomesch Situatioun zitéiert, mee och déi am Verglach jonk Populatioun.

Mee och innerhalb vu Bréissel ginn et Ënnerscheeder bei de Gemengen: zu Woluwe-Saint-Pierre, eng vun de räichste Gemenge vun der Haaptstad, läit den Impftaux bei 75 Prozent. Zu Molenbeek, der äermster Gemeng mat der héchster ethnescher Diversitéit, läit den Impftaux bei manner wéi 50 Prozent.

Verschidde Sproochen a Kulture maachen eng Kommunikatioun iwwer d'Impfung méi schwéier, esou Ënnerscheeder observéiert een och an den anere grousse Stied ewéi Antwerpen, Léck a Charleroi.

Drëtt Impfung an Impfflicht: nach keng Decisioun

Eng drëtt Impfdosis, wéi dat aktuell schonn an anere Länner virgesinn ass, ass aktuell an der Belsch net geplangt, ausser fir Patiente mat enger Immunschwächt.

D'Fro vun der Impfflicht am Gesondheetssecteur läit och nach um Dësch: de Gesondheetsminister Frank Vandenbroucke hat hei eng Decisioun an enker Zesummenaarbecht mam Gesondheetssecteur fir Ufank September versprach. Iwwer eng Impfflicht fir aner Beruffer, wéi zum Beispill Léierpersonal, geet fir de Moment net rieds.

98 Prozent vun hospitaliséierte Patiente sinn net geimpft

D'Infektiouns- an d'Hospitalisatiounszuele klammen an der Belsch erëm, mee trotzdeem schéngt et, wéi wann d'Impfung hiert Zil erreecht hätt: 98 Prozent vun de Patienten, déi dëst Joer wéinst enger Infektioun an d'Spidol ageliwwert goufen, waren net geimpft. Dat geet aus enger Etüd vum Gesondheetsinstitut Sciensano ervir, déi gëschter publizéiert gouf.

D'Zuel vun de Better op den Intensivstatiounen, déi mat Covid-19-Patiente beluecht sinn, ass an enger Woch ëm 35 Prozent op ronn 160 eropgaangen, d'Doudesfäll bleiwen an der Belsch awer rar. Déi meescht Infektioune ginn et an der Altersgrupp tëschent 10 an 30 Joer. Et gëtt dofir recommandéiert, Kanner vun 12 Joer u géint de Coronavirus ze impfen.

Lescht Restriktioune kéinte muer ewechfalen

Bei der Reunioun vun de belsche Regierungen am Comité de concertation (Codeco) e Freideg steet d'Ophiewe vun de Restriktioune bei der Kultur, Evenementer, Sport, Caféen a Restauranten um Programm. Och d'Nuetsliewe kéint no annerhallwem Joer erëm ulafen, d'Schoul soll erëm presentiell ginn. Et soll fir d'Schüler keng Maskeflicht méi ginn, ausser zu Bréissel. De Comité de concertation soll och u Recommandatioune fir den Télétravail schaffen.

Et kéint sech ëm eng vun de leschte Reunioune vum Codeco handelen, deen eng éischte Kéier am Oktober zejoert vum Premierminister Alexandre de Croo aberuff ginn ass, fir iwwer déi sanitär Situatioun ze beroden.

De flämesche Ministerpresident Jan Jambon ass der Meenung, datt et un der Zäit wier d'Krisegestioun duerch eng Risikogestioun ze ersetzen. D'Regioune solle senger Meenung no d'Responsabilitéit vun de Mesuren iwwerhuelen. Hie wëllt dobäi an éischter Linn, datt Flanderen net ënner dem Bréisseler Retard bei den Impfunge leit.