Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jessy Lanza - Limbo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee Schratt méi wäit goen"

Handwierkerkammer

"Ee Schratt méi wäit goen"

Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall, seet ee Spréchwuert. Wie Meeschter wëllt ginn, kann dat awer léieren. An neierdéngs och Secteur-iwwergräifend mat der Meeschterprüfung Artisan en alimentation.

auto_stories

5 min

Fir d'Beruffer vum Bäcker, Patissier, Metzler an Traiteur bitt d'Handwierkerkammer zënter uganks des Mount de Brevet de maîtrise Artisan en alimentation un. Dës transversal Ausbildung verbënnt d'Kenntnisser am Beräich vun der Ernährung a soll d'Liewensmëttelberuffer un d'Entwécklungen um Aarbechtsmarché upassen.

De Pit Wiesen huet zu Bréissel ee Bachelor an der Gestioun vun Entreprisen an e Master ënnert anerem an der Comptabilitéit gemaach. Virdrun hätt hie kee Brevet gemaach, well den alimentaire Volet, deen hien interesséiert, deemools nach net existéiert huet:

"Et mécht elo einfach jidderengem d'Weichen op, dee wierklech wëllt e Schratt méi wäit goen, sech weiderbilden, eventuell duerno (wëllt) Independant ginn. Ech mengen, dat ass d'Motivatioun vu ganz vill Leit, déi déi Course maachen an dat ass einfach genial. Ech mengen, domat gëtt eng Panoplie vu Leit couvréiert."

Sech breet opstellen

Elo schafft de Pit Wiesen hei am Land als Responsable administratif an engem Kéisbetrib. Et wier immens wichteg, all déi alimentaire Saachen ze verstoen, seet hien. Mä och d'Sécurité au travail wier wichteg. Et wier eng ganz Panoplie vun Theorien, déi een och misst kënnen an d'Praxis ëmsetzen, seet de Pit Wiesen. Fir e Betrib z'iwwerhuele misst ee ganz breet opgestallt sinn, an da misst een einfach vun allem eppes kennen.

Datt den neie Brevet Artistan en alimentation elo de ganze Beräich vun der Alimentatioun ëmfaasst an net méi just op eenzel Beruffer ausgeriicht ass, wier fir hien ee Grond gewiescht, sech unzemellen, seet de Pit Wiesen. Dobäi kënnt, datt a sengem Milieu, der Kéiserei, et nach keng Léier an och keng Maîtrise gëtt.

Reform vun der Meeschterprüfung

Déi lescht gréisser Reform vun der Meeschterprüfung wier iwwer 20 Joer hier, seet de Marc Bissen, Responsabele fir de Meeschterbréif bei der Handwierkerkammer. 2013 wier d'Iddi opkomm, fir de Brevet ze reforméieren. Eng Etüd, déi vun engem externen Expert ënnert d'Lupp geholl gi wier, hätt de Besoin fir eng Reform bestätegt. Virun zwee Joer hätt d'Chambre des Métiers dann een deementspriechende Pilotprojet lancéiert, seet de Marc Bissen. An dat mat enger neier Approche.

"Dat heescht, datt mir vu 'Lernergebnisse' ausgaange sinn. D'Fro ass gestallt ginn: Wat muss de Meeschter kënnen/wëssen, wann e fäerdeg ass mat senger Ausbildung. Dat heescht, mir hunn als éischt un deenen Ziler geschafft, duerno un de Prüfungsmethoden, an eréischt an enger leschter Phase un de Course selwer."

Secteur-iwwergräifend Inhalter

D'Zil wier et, d'Ausbildung breet opzestellen an un d'Entwécklung vum Aarbechtsmarché unzepassen. De Marc Bissen nennt hei d'Beispill vum Bäcker, deen net nëmme Brout géing ubidden, mä och Patisserien, Bréidercher, an eventuell nach en Traiteur-Service. Zousätzlech géing hie souguer nach Zeitunge verkafen.

D'Demande vum Client wier also méi breet, an d'Betriber missten sech deementspriechend upassen. Dat hätt ee bei der Reform vun der Formatioun och respektéiert.

De Brevet Artisan en alimentation géif deemno méi wäit goe wéi déi lescht Breveten am Beräich vun der Ernärung, seet de Marc Bissen. Ronn 70 Prozent nei Inhalter wieren ausgeschafft ginn, fir Secteur-iwwergräifend ze schaffen.

Coursen am Brevet "Artisan en alimentation"

Alles ëm d'Sécurité alimentaire wier wichteg gewiescht, mä et hätt een och e Module iwwert Produktiounstechnologien agefouert, iwwert de Management vun Alimentatiounsbetriber, an et hätt een den e-Business mat integréiert. Dat gëllt och fir aner Domäne wéi Marketing oder Catering Events.

Verschidde Spezialisatiounen

Trotzdeem géif d'Specificitéit vum Bäcker, Metzler, Traiteur oder Patissier an der neier Formatioun net verluer goen, seet de Marc Bissen. Et géing e Module ginn, wou tëschent deenen dräi Aktivitéite géif ënnerscheet ginn. Hei géifen da praktesch Coursen an deene verschiddenen Aktivitéiten ugebuede ginn, wou d'Kandidate spéiderhin och e prakteschen Exame géife maachen. Um Diplom géing d'Spezialisatioun dann och dobäistoen.

Eng nei Carrière

Dëst Joer hu sech ronn 80 Prozent méi Leit fir de Brevet am Beräich vun der Ernärung ugemellt, seet de Marc Bissen vun der Handwierkerkammer. Dorënner ass och d'Nelly Pereira. Si huet 33 Joer a schafft op engem administrative Posten am Finanzsecteur. Virun e puer Joer huet si eng Patisserie opgemaach, mä si hätt deen Ament selwer kee Brevet gemaacht, well si dann hätt missen zréck an d'Schoul op eng 9e goen. Si hätt sech entscheet, fir mat engem zesummenzeschaffen, deen de Brevet hat.

D'Nelly Pereira misst d'Patisserie allerdéngs erëm zoumaachen. Si hätt virdrun ëmmer geduecht, datt de Brevet just e Pabeier wier, mä dat wier net de Fall. Et géing ee wierklech e Beruff léieren, et kéint een do net improviséieren:

"Ech mengen wierklech, datt de Brevet d'Méiglechkeet gëtt, dee Beruff och nodréiglech ze léieren. Och wann een eppes fir d'éischt gewielt huet."

An der Schoul misst een dacks am Alter vu 15 oder 16 Joer decidéieren, wat ee spéider wéilt maachen. Dëst kéint sech allerdéngs mat der Zäit änneren, an da wier ee frou, wann een d'Geleeënheet géif kréien, dat ze maachen.

Flexibel an accessibel

Datt een och nodréiglech d'Meeschterprüfung ka maachen, läit och dorun, datt d'Course parallel zu den Aarbechtszäiten ugebuede ginn, seet d'Nelly Pereira.

Donieft ass d'Material op enger online Plattform accessibel. De Marc Bissen erkläert, datt esou en Austausch tëscht dem Formateur an de Kndidate kéint stattfannen. Et kéinte sou och Tester gemaach ginn, d'Plattform géing also ganz wäit goen.

En interessante Secteur

Fir d'Meeschterprüfung ze maachen, bräicht een en Diplôme d'Aptitude Professionelle, kuerz DAP, seet de Marc Bissen. Datt och Leit wéi d'Nelly an de Pit, déi eng 13ième Commerce respektiv ee Masterdiplom gemaach hunn, sech kënnen aschreiwen, géing weisen, datt d'Ausbildung ganz attraktiv wier fir Leit, déi sech wéilten nei orientéieren.

D'Handwierk wier en interessante Secteur an et kéint ee konkret eppes ëmsetzen. De Pit Wiesen mengt sengersäits, datt d'Leit net zécke sollen, de Schrëtt an d'Handwierksausbildung ze maachen. Et géif engem eng gewësse Satisfaktioun ginn, wann een owes e physesche Produit viru sech hätt, an ee soe kéint: "Mir hunn dat haut gemaach".