Radioen

On air

Notturno  |  Mudaze - Altaelv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Schratt no hanne maachen

Chamberwahlen 2018

Ee Schratt no hanne maachen

De Marc Angel ass enttäuscht, datt hie kee Regierungsposte krut. Et wier awer eng Fro vu Gender Equality. Hie wier net frou gewiescht, wann d'LSAP mat just enger Ministesch an d'Regierung gaange wier.

auto_stories

4 min

Bei de Chamberwahlen am Hierscht ass de Marc Angel als zweeten LSAP-Kandidat am Zentrum direkt an d'Chamber gewielt ginn, ass awer net Minister ginn. Hien hätt wëlle Minister ginn, mee heiansdo wieren d'Ëmstänn esou, datt een net Minister gëtt.

"Natierlech wollt ech Minister ginn"

D'LSAP hat bei de Chamberwahlen am Zentrum nëmmen nach zwee Sëtz kritt, an d'Partei hätt gemengt "et wier besser, wa mir an all Bezierker representéiert ginn". Et wier och eng Fro vu Gender Equality gewiescht. De Marc Angel hätt sech ëmmer dofir agesat, an "dann ass et heiansdo esou, datt een dann och muss e Schratt no hanne maachen."

Hie wier net frou gewiescht, wann d'LSAP mat just enger Ministesch an d'Regierung gaange wier, mee hätt awer dofir gekämpft, Minister ze ginn. D'Kooperatioun wier him "un d'Häerz gewuess", an hie wier enttäuscht gewiescht, datt hien dës Kéier erëm, wéi 2013 och, kee Regierungsposte krut. Hie wier awer elo motivéiert seng Aarbecht als President vun der Chamberkommissioun fir Aussepolitik, Immigratioun an Asyl virunzeféieren, esou de Marc Angel.

Genitalënnersichung: Keng ideal Praxis

An de leschte Wochen ass eng Praxis bei der Asylprozedur ënner anerem vun der consultativer Mënscherechtskommissioun staark kritiséiert ginn: d'Ënnersiche vun de Geschlechtsdeeler vu méiglecherweis mannerjärege Flüchtlingen, fir hiren Alter ze determinéieren. De Marc Angel mengt, datt dat Thema "ganz sécher" an der Chamberkommissioun misst behandelt ginn. Et géif een och d'Leit vum Ministère unhéieren, an da misst een diskutéieren, wéi een dat kéint besser maachen:

"Et ass natierlech e Problem. Et si vill Leit, déi Demandeur sinn, déi meescht si ganz éierlech a ginn hiren Alter un an et sinn der, déi wëllen tricksen, an ech mengen domat mussen d'Beamtinnen an d'Beamte vun deem Ministère eens ginn, an do ginn et Prozeduren, déi mussen agehale ginn, do kann een doriwwer nodenken, ob een déi muss verbesseren oder net. Ech menge mir musse jo och nolauschteren, wat d'Sociète civile eis seet, an dat ass e Sujet, mat deem mir eis sécher wäerte beschäftegen an déi beschtméiglech Léisung fannen, esouwuel fir d'Administratioun, déi do schwéier Decisioune muss huelen, an op där anerer Säit natierlech och fir déi Betraffen. An do musse mir als Chamber, als déi, déi zoustänneg si fir d'Gesetzer, en Dialog maache mat béide Säiten, mam Ministère an awer och mat den ONGen a lauschteren, wat si soen."

Déi Ënnersichunge bei Mannerjärege fënnt de Marc Angel allerdéngs "och net grad ideal".

Europawahlen: "Ech huelen deen Challenge gären un"

De Marc Angel wëllt mat an d'Europawahlen am Mee d'nächst Joer goen. Hie wier motivéiert, a seng Partei hätt hien och gefrot fir nach eng Kéier matzegoen. D'Gremie missten awer nach doriwwer entscheeden.

Nieft dem Marc Angel huet och den Nicolas Schmit säin Interessi un den Europawahlen ugekënnegt. Den Nicolas Schmit geet awer mam Zil EU-Kommissär ze ginn an déi Wahlen. Sollt de Marc Angel méi Stëmme kréie wéi den Nicolas Schmit, esou géif dee Beschtgewielten an d'Europaparlament goen. "Ech gi jo net mat an d'Wahle fir just Stëmmen ze sammelen", esou de Marc Angel.

"Et ass och Nation Branding"

De Marc Angel fënnt, datt d'Respektéiere vun de Rechter vun Intersex- an Transgender Persoune Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht steet. Zanter dësem Joer ass et méi einfach, den Numm an d'Geschlecht am État civil ze änneren. Dëst hätt an der internationaler Press Welle geschloen an et wier eng gutt Saach, wann ee géif weisen, datt een e progressiivt Land ass, mengt de Marc Angel. "An ech mengen, dat ass och dat wat déi Dräierkoalitioun an deene leschte fënnef Joer ausgezeechent huet, an Dir gesitt, och um gesellschaftspolitesche Plang geet et virun", seet den LSAP-Deputéierten. Dat wier nämlech och Nation Branding.

Am Regierungsprogramm ass virgesinn, datt medezinesch Agrëff bei Kanner, deenen hiert biologescht Geschlecht net eendeiteg festgestallt ka ginn, solle verbuede ginn. Iwwerdeems sollen d'Käschte vu geschlechtszouweisenden Operatioune rembourséiert ginn. An d'Méiglechkeet vun enger drëtter Optioun am État civil, nieft männlech a weiblech soll ënnersicht ginn.